Handball

De franséische Weltklassespiller Didier Dinart soll neien Hären-Nationaltrainer ginn

D’Lëtzebuerger Handball-Federatioun FLH ass 100,7-Informatiounen no drop an drun, de fréiere franséische Weltklassespiller Didier Dinart als neien Hären-Nationaltrainer ze engagéieren. Een erfuerene Spiller a Coach, deen a béide Fonctioune mat Frankräich Weltmeeschter gouf.

auto_stories

2 min

Handball | © Marino Bobetic / Unsplash
Handball (Foto: Marino Bobetic / Unsplash)

An awer ass dëse Choix vun der Federatioun ëmstridden: Den Ex-Kreesleefer gouf nämlech am Januar vu sengem franséische Club Ivry virun d’Dier gesat, no enger Enquête iwwer den Ëmgank mat senge Spiller.

Dinart mat internationaler Erfarung

Den Didier Dinart, ee vun de beschten Handball-Verteideger vun allen Zäiten, schéngt de Spiller vun Ivry géintiwwer méi offensiv gewiescht ze sinn.

An der ugeschwater Enquête war, der Sportzeitung L’Equipe no, ënner anerem rieds vu “comportements incompatibles avec les valeurs attachées à la fonction d’entraîneur”. De Mann selwer sot dozou, hien hatt sech näischt virzewerfen.

Am Januar hat hie Montenegro op der EM a Skandinavie betreit. Nieft dem Didier Dinart gouf et, 100,7-Informatiounen no nach véier aner Kandidate fir de Poste vum neien Hären-Nationaltrainer. Dorënner war mam Riccardo Trillini en ale Bekannten. Den Italieener war nämlech vun 2013 bis 2017 mat Succès Hären-Trainer zu Käerjeng. Duerno huet hien ënner anerem d’italieenesch Hären-Nationalekipp un d’europäesch Spëtzt erugefouert.

Grouss Majoritéit vum CA fir de Fransous

Den Didier Dinart soll awer, 100,7-Informatiounen no de Favorit vum FLH-President Romain Schockmel gewiescht sinn. De Verwaltungsrot vun der Federatioun huet sech dann och, 100,7-Informatiounen no virun aacht Deeg an enger ausseruerdentlecher Sëtzung mat grousser Majoritéit fir de Fransous als Hären-Nationaltrainer ausgeschwat.

Just virdrun hat de fréiere Kapitän vun der Nationalekipp Tommy Wirtz aus deem Verwaltungsrot demissionéiert. Op Nofro hi seet hien, seng Demissioun wier ënner anerem dorop zréckzeféieren, datt den techneschen Direkter vun der Handball-Federatioun Alex Scheubel net bei där CA-Sëtzung duerft dobäi sinn.