Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Robert Schumann - Sinfonie Nr.3 a Mi bémol Majeur, Op. 97, III. Nicht schnell - Cappella Aquileia, Marcus Bosch (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Deeler vun der Ukrain bleiwen no russeschen Attacken ouni Stroum

Attacken op Strouminfrastruktur

Deeler vun der Ukrain bleiwen no russeschen Attacken ouni Stroum

D‘Ukrain mellt um Mëttwochmoien nees russesch Dronen- a Rakéitenattacken op Infrastrukturen am Weste vum Land. Viséiert waren ënner anerem Stroumzentralen. Zwee Sitte wiere getraff ginn, esou de Gouverneur vun der Regioun Lwiw.

auto_stories

1 min

© Adobe Stock
Symbolfoto: Adobe Stock

Affer goufen net gemellt. Den ukrainesch Stroumoperateur huet Stroumofschaltungen am Osten, Zentrum a Süde vum Land annoncéiert.

Déi russesch Attacke kommen een Dag no den ukraineschen Attacke gëschter um Dënschdeg op russesch Pëtrol- a Spritdepoten. Der Ukrain no waren dat bis elo déi gréisst ukrainesch Attacken op russesch Sitten zënter dem Ufank vum Krich.