Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  Heinrich von Herzogenberg - Sonat Nr.1 fir Cello a Piano a La Mineur, Op. 52, III. Allegro Moderato - Dimitri Maslennikov (Cello), Sabine Weyer (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Nordkoreanesch Zaldoten géingen net wëssen, datt si an de Krich gescheckt ginn

Zwee nordkoreanesch Zaldote goufe festgeholl

Nordkoreanesch Zaldoten géingen net wëssen, datt si an de Krich gescheckt ginn

D‘Ukrain huet zwee nordkoreanesch Zaldote festgeholl. Dem ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj no wieren déi zwee an der russescher Regioun Kurks festgeholl ginn. Dat huet Südkorea confirméiert.

auto_stories

1 min

Wolodymyr Selenskyj | © picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine
Foto: picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine

Et goufen éischt Informatiounen aus dem Verhéier vun deenen zwee publizéiert. Esou hätte si net gewosst, datt si géifen an e Krichsgebitt geschéckt ginn, soll ee vun deenen Zwee gesot hunn.

Déi nordkoreanesch Truppen, déi op russescher Säit an der Ukrain kämpfen, hätte substantiell Verloschter, heescht et weider vun de Gefaangenen.

Et gëtt geschat, datt Nordkorea 12.000 Mann a Russland geschéckt huet, fir do beim Krich an der Ukrain ze hëllefen. 

Déi ukrainesch Arméi huet Deeler vun där Regioun zënter e puer Méint besat. Dem Selenskyj no soll d‘Press Accès zu de Prisonéier kréie fir kënnen ze dokumentéieren, wat geschitt.

Ukrainesche Sourcen no sollen tëscht 10.000 an 12.000 nordkoreanesch Zaldote fir Russland kämpfen. Dat virun allem an der Regioun vu Kursk.