An eegener Saach

Déi nei Opus 100,7 App ass do

Luet dir déi fonkelnei Opus-100,7-App erof an entdeck déi ganz Bandbreet vun der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, wéini a wou s du wëlls. Concerten, Podcasten an eng gutt Stëmmung.

auto_stories

2 min

Klassesch Musek fir an deng Täsch: Lauschter Lëtzebuerger an international Concerten, Podcasten an eise Live-Programm, wou a wéini s du wëlls.


Deng App fir klassesch Musek zu Lëtzebuerg

Entdeck déi ganz Bandbreet vun der klassescher Musek zu Lëtzebuerg - luet d’App erof a lauschter wéini a wou s du wëlls.

App Store

Google Play


Vu Kammermusek bis Sinfonie

Erlief d’Klangwelt vun de groussen Orchesteren aus Lëtzebuerg, wéi d’Lëtzebuerger Philharmoniker, d’Solistes Européens, Luxembourg an den Orchestre de Chambre du Luxembourg, genee esou wéi de Charme vun de Kammermuseksconcerten. Concerten, déi den Opus 100,7 zu Lëtzebuerg ophëlt.


Podcaste mat Déift

  • The Dora Journey: Déi spannend an inspiréierend Geschicht vun der Komponistin Dora Pejačević
  • Hanner den Téin: De Podcast fir jiddwereen, dee méi iwwer déi Nei Musek zu Lëtzebuerg wëllt gewuer ginn
  • Klassik Talk: Léier d’Mënschen hanner der Musek kennen, mat perséinleche Gespréicher, Anekdoten an interessanten Hannergrënn


Live dobäi am Moien

Gutt Stëmmung, Musek, déi dech duerch den Alldag begleet an interessant Informatiounen. All Dag tëschent 9h an 12h am Harmonesche Moien um Opus 100,7.