Vëlossport

Den Tadej Pogačar hëlt un der Vuelta deel - Een Tour deen hien nach net gewanne konnt

Den Tour de France-Gewënner Tadej Pogačar ass dëst Joer bei der Vuelta dobäi. Dat huet de sloweenesche Weltmeeschter confirméiert. Den Tuer duerch Spuenien ass ee vun de ganz wéinegen, déi de 27 Joer ale Pogačar nach net gewonn huet. Bis elo war hie réischt ee Mol bei der Vuelta dobäi.

auto_stories

2 min

Den Tadej Pogačar | © EPA/GIAN EHRENZELLER
Den Tadej Pogačar (Foto: EPA/GIAN EHRENZELLER)

Am Joer 2019 hat hien et do op de Podium gepackt a war Drëtte ginn. 

Vuelta-Victoire wier Entréesticket fir exklusive Club

Falls hien den Tuer duerch Spuenie gewanne géif, géif de Sloween an e ganz exklusive Grupp vu just aacht Coureure kommen, déi all déi dräi grouss Tier konnte gewannen (Tour de France, Giro d'Italia an d'Vuelta).

Fir d'lescht war dat sengem Kontrahent, dem Dän Jonas Vingegaard, gelongen.

D‘Vuelta geet dëst Joer den 22. August zu Monaco lass an dauert dräi Wochen.