Radioen

On air

Notturno  |  Maria Bach - Pianoquintett a La Min., "Wolga Quintet", II. Variatiounen iwwert d'Wolgalied - Olivier Triendl (Piano), Marina Grauman (Gei), Nina Karmon (Gei), Öykü Canpolat (Braatsch), Alexander Hülshoff (Cello)

play_arrow Live
opus

/ Den éischte Poopst an iwwer 100 Joer, deen net am Vatikan begruewe gëtt

Trauerfeier vum Poopst

Den éischte Poopst an iwwer 100 Joer, deen net am Vatikan begruewe gëtt

De Vatikan huet annoncéiert, datt d’Trauerfeier vum Poopst François e Samschden de Moien op der Péitersplaz stattfanne wäert. Virdrun, um Mëttwochmoien, gëtt d’Doudelued vum Chef vun der Kathoulescher Kierch am Péitersdoum opgeboort.

auto_stories

2 min

Philip Crowther (Roum)

Déi éischt Fotoe vum Poopst François no sengem Doud weisen hien am hëlzene Sarg a senger privater Kapell. Op dëse Fotoen ass och de Kardinol Pietro Parolin ze erkennen. Hien ass de Staatssekretär vum Vatikan an ee vun de Kardineel, déi am Konklav fir den neie Poopst ofstëmme wäerten.

De Pietro Parolin gëllt als ee vun de Favoritten, wann et dorëms geet, een neie Poopst ze fannen.

Begriefnes net am Vatikan

Vill vun de Kardineel wäerten nom Begriefnes vum Poopst François zu Roum ukommen. Déi offiziell Trauerzäit huet eng Längt vun néng Deeg. D’Begriefnes selwer fënnt an der Santa Maria Maggiore Kierch statt.

D’Kierch ass zu Roum, mee si befënnt sech ausserhalb vum Vatikan. Dëst wier ee Wonsch, deen am Testament vum Poopst festgehal gouf. Soumat wier dat déi éischte Kéier an iwwer 100 Joer, wou ee Poopst net am Péitersdoum begruewe gëtt.

E leschten Optrëtt op Ouschterméindeg

D'Trauermass fänkt nächste Samschdeg um 10 Auer un, an dat en public an dobausse virum Péitersdoum. Um Ouschtersonndeg war de Poopst François fir d’leschte Kéier op där Plaz lieweg gesinn. Hien hat deen Dag Dausende Leit mat senger Presenz a mat sengem Tour mam Auto duerch d’Stroossen iwwerrascht.

D’Doudelued gëtt moies am Péitersdoum opgeboort. D’Kardineel an aner Offizieller aus dem Vatikan haten haut um Dënschdeg schonn d’Méiglechkeet, him déi lescht Éier ze erweisen.