Den Doud vum Poopst huet als éischt emol missten duerch de Camerlengo offiziell confirméiert ginn. De Camerlengo ass e Kardinol, dee sech nom Doud vum Poopst och ëm den administrativen Alldag am Vatikan an ëm d’Organisatioun vun enger neier Popstwal këmmert. Doropshi gesäit déi kathoulesch Traditioun vir, datt de Poopst säi Fëscherrank ausgedoe kritt an dëse méi spéit an der Presenz vun de Kardineel zerstéiert gëtt. Domat soll dem Poopst seng Muecht offiziell oferkannt ginn. No der Confirmatioun vum Doud gëtt dësen och der Ëffentlechkeet matgedeelt an d’Kardineel ginn a Virbereedung op déi nächst Popstwal op Roum invitéiert.
Trauerphas vun 9 Deeg
Duerch den Doud vum Poopst fänkt och d’Sedisvakanz un. Dëst ass d’Phas tëschent dem Doud vum Poopst an der Wal vun engem Neien. Mam Doud vum Poopst François fänkt dann och eng Trauerphas vun 9 Deeg un, wou Gottesdéngschter fir de verstuerwene Poopst gehal ginn. De Poopst soll tëschent dem 4. an dem 6. Dag vun dëser sougenannter Novendiale begruewe ginn. Anescht wéi bei deene meeschte Peepst, wäert dat fir de Poopst François op eegene Wonsch net am Péitersdoum am Vatikan sinn, mee an der Basilika Santa Maria Maggiore – eng vun de 5 Poopstbasilikaen zu Roum.
Konklave, Lëtzebuerger Kardinol hëlt och Deel
Den nächste Schrëtt ass dann de Konklave, wou en neie Poopst gewielt gëtt. De Konklave soll tëschent dem 15. an dem 20. Dag nom Doud vum Poopst ufänken, mee se kann och schonn éischter ufänken, wann all déi walberechtegt Kardineel schonns zu Roum sinn. Walberechtegt si bei der Popstwal all Kardineel ënner 80 Joer, dozou gehéiert dës Kéier och de Lëtzebuerger Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich. Zesumme mat 137 anere Kardineel gëtt hien an der sixtinescher Kapell agespaart, wou si réischt erauskommen, wann en neie Poopst mat enger Zweedrëttel-Majoritéit gewielt gouf. Soubal dëse fonnt ass, gëtt dat mam bekannte wäissen Damp a Klackelauden am Vatikan annoncéiert. Kuerz drop presentéiert sech den neie Poopst dann eng éischter Kéier der Ëffentlechkeet an erdeelt de bekannte Seegen “Urbi et Orbi”.
Et stellt sech deemno elo d’Fro, wien den nächste Poopst gëtt. Ee vun den heefegst genannte Kandidaten ass do de Kardinolstaatssekretär Pietro Parolin. Mee verschiddenen Experten no wier et schwéier richteg Favoritten ze benennen. Dem Jean-Claude Hollerich, dee jo e gutt Verhältnis zum verstuerwene Poopst François hat, ginn awer éischter wéineg Chancen zougerechent.