Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
opus

/ D'Lëtzebuerger Drénkwaasserreserve si gutt opgefëllt

Trotz dem waarme Wieder

D'Lëtzebuerger Drénkwaasserreserve si gutt opgefëllt

Ënner anerem duerch dee villen a gläichméissege Reen am Wanter an am Fréijoer konnt d'Recharge vun de Grondwaasserreserve fréi ufänken. Dat seet d’Brigitte Lambert, d’Unitéitscheffin vun der Unitéit Drénk- a Grondwaasser.

auto_stories

2 min

Waasserkrunn | © Luis Tosta
Foto: Luis Tosta

D'Reserve fir d'Drénkwaasser zu Lëtzebuerg ginn op zwou Plaze gesammelt. D'Hallschent kënnt aus Grondwaasserreserven, also aus Quellen a Pëtzer, esou d'Brigitte Lambert.

"An déi Reserve fëlle sech just ebe wärend der Vegetatiouns-fräier Period op, wann eben d’Beem an d’Vegetatioun d’Waasser dem Buedem net stänneg entzéien. Dat ass dann ebe vun November bis Abrëll."

De leschte Wanter hätt een déi glécklech Situatioun gehat, datt d'Recharge vun de Grondwaasserreserve scho fréi konnt asetzen, well et iwwer de ganze Wanter an och am Fréijoer iwwerduerchschnëttlech vill awer och gläichméisseg gereent huet. Dee Reen, deen elo am Summer erofkënnt, deen huet net esou e groussen Impakt op d'Waasserreserven, erkläert d'Brigitte Lambert. Ee groussen Deel dovu géif vun de Planzen opgeholl ginn, een aneren Deel verdonst, virun allem wann et waarm ass.

Genuch Waasser am Stauséi

Déi zweet Hallschent vun den Drénkwaasserreserven zu Lëtzebuerg gëtt am Stauséi zu Esch-Sauer gesammelt. Iwwer Méint gëtt e klengen Deel vum Waasser vun der Sauer opgefaangen, fir domat de Stauséi opzefëllen. Duerno gëtt dat Waasser vum Waassersyndikat SEBES zu Drénkwaasser opgeschafft.

"Et gëtt alt mol duergestallt, datt wann den Niveau vum Stauséi bëssen erofgeet, datt et da kéint mol knapp gi mam Drénkwaasser - de Stauséi huet awer genuch Reserve fir Drénkwaasser opzebereeden."

D'SEBES-Anlag kéint 110.000 Meter Cube pro Dag opbereeden, ouni der Sauer nohalteg ze schueden. Mat där Quantitéit géing een och net riskéieren, datt de Stauséi eng Kéier eidel leeft, seet d'Brigitte Lambert.

Trotzdeem spuersam mam Drénkwaasser ëmgoen

An och d'Optriede vun de Bloalgen um Stauséi stellt kee Problem duer - déi géife just op der Uewerfläch schwammen a wiere souwisou net iwwerall am Stauséi ze fannen.

Et wier also genuch proppert Waasser do. Trotzdeem wier et och zu Lëtzebuerg wichteg, datt d'Leit spuersam mam Waasser ëmginn, betount d'Brigitte Lambert, beispillsweis kéint een als Privatpersoun oppassen, net ze laang ze duschen an eng gréng Wiss misst och net genat ginn.

Lauschterenplay_arrow