Sécherheet

Dronen-Virfäll: D'Oppositioun kritiséiert der Regierung hir Pressekonferenz

No der Pressekonferenz iwwer d‘Drone-Virfäll hei am Land äussert d'Oppositioun weider Kritik un der Regierung. Wa bei enger Pressekonferenz näischt Neies kommunizéiert gëtt, géif dat d‘Populatioun net rassuréieren. Dat soten d’LSAP, déi gréng an d’ADR eis op Nofro hin.

auto_stories

2 min

© Chambre des Députés
(Foto: Chambre des Députés)

Et wier normal, datt d‘Regierung näischt iwwer déi lafend Enquête soe kann, mengt d‘LSAP Fraktiounscheffin Taina Bofferding. Mee der Regierung hir Krisekommunikatioun bei den Drone-Virfäll géif vill ze wënschen iwwereg loossen.

"Den Androck ass, datt elo nach méi Onkloerheeten entstane sinn, wéi datt et der Regierung elo gelongen ass, d'Vertrauen hierzestellen."

Wéi kann een eng Gefor ausschléissen ouni Hannergrondwëssen?

D'CSV-DP-Regierung géif engersäits soen, et hätt keng direkt Gefor fir d‘Leit ginn, gläichzäiteg wéisst se awer net, wou déi Dronen hierkommen, wie se steiert, a wéi eng Zort Dronen et waren, esou d'LSAP-Politikerin Taina Bofferding. 

Hei wier dann och d'Fro erlaabt, op wéi enger Basis een da "kategoresch ausschléisse" kéint, datt keng Gefor bestanen huet. 

Net méi gescheit wéi virdrun

Och déi gréng Deputéiert Sam Tanson kritiséiert der Regierung hir Kommunikatioun. Wann eng Regierung eng Pressekonferenz mat dräi Ministeren an enge sëllege Responsabele vu Verwaltungen a Sécherheetsautoritéiten aberifft, da misst een duerno méi wëssen, wéi virdrun.

"Ech fannen, datt dat awer elo bei enger Rei Froen net de Fall ass."

Déi Meenung deelt den ADR Fraktiounschef Fred Keup. D'Regierung kéint natierlech keng Informatiounen eraus ginn, déi si selwer net huet. Gutt do stoe géifen si awer net. 

"Op där anerer Säit natierlech gi si domadder och kee gutt Bild of."

D‘Regierung misst den neien Dronen-Aktiounsplang elo konsequent ëmsetzen, esou nach d‘Deputéiert vun LSAP, déi gréng an ADR.

D‘Regierung hätt sech e Resilienzplang ginn. Elo misst se weisen, wéi resilient d‘Land wierklech ass, géint Dronen an aner "hybrid“ Attacken.