Radioen

On air

Notturno  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sonat fir Piano Nr.6 a Ré Majeur, K284, III. Tema con variazione - Jean Muller (Piano)

play_arrow Live
opus

/ EU-Parlament: Politesche Chantage amplaz vu Kompetenz-Test

HEARINGE VUN DESIGNEIERTEN EU-KOMMISSÄREN

EU-Parlament: Politesche Chantage amplaz vu Kompetenz-Test

Am Europaparlament goufen all d’Kandidaten a Kandidatinne fir déi nei EU-Kommissioun gehéiert. Ee Resultat läit awer net vir. D’Evaluatioun vun de sechs designéierte Vizepresidentinnen a -presidente gouf verluecht, elo soll eventuell iwwert si als "Pak" verhandelt ginn. Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

play_arrow

Um Méindeg den Owend sinn am Europaparlament déi sou genannten Hearinge vun de Futur-EU-Kommissären op en Enn gaangen. Dobäi handelt et sech em een Exercice, bei deem déi 26 Membere vun där neier Equippe vun der Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen vun den Europadeputéiert op hir Kompetenz iwwerpréift ginn. 

20 hunn den Exame scho gepackt, een, den Ungar Oliver Varhelyi,  krut een Noexamen an huet missen zousätzlech Froe beäntwerten. Eng nei Evaluatioun sollt e Mëttwoch gemaach ginn.

En Dënschdeg stounge mat de sechs designéierte Vizepräsident:innen vun der nächster EU-Kommissioun déi lescht am Europaparlament um Préifstand. Ma do gouf d’Decisioun verluecht. Dat war net esou geplangt.

Firwat gouf déi Decisioun verluecht?

Dee Plang, keng Decisiounen ze huelen, gouf eisen Informatiounen no schonn e Méindeg den Owend tëschent deene grousse Parteien (der Europäescher Vollekspartei, de Sozialisten an de Liberalen) ausgemaach.

D’Prüfunge vun de sechs héichrangege Futur-Kommissäre waren en Dënschdeg iwwert den Dag verdeelt. Wéi déi eischt Mëttes fäerdeg waren, gouf annoncéiert, et wier ee sech eens, d’Evaluatioun vun dem jeeweilege Kommissär ze verleeën. Déi nämmlecht Annonce koum dunn Owes spéit fir de Rescht.

Ee Grond dofir gouf net uginn. Et ass awer kloer, datt ee verhënnere wollt, datt déi Evaluatiounen, eng no där anerer - also zäitversat gemaach ginn.

Decisioun am Pak aplaz een nom aneren

D’Parteie wëllen hir eege Kandidate beschützen a sécher goen, datt déi och duerchkommen. Normalerweis wier een nom aneren evaluéiert ginn. An deem Fall ass et méiglech, ee Kandidat souzesoen als Geisel ze huelen, an deem een den Accord net gëtt, bis och deen eegenen duerchkomm ass.

Elo wëll een sech eventuell am Virfeld iwwert dee ganze Pak eens ginn. Dat gouf esou offiziell gëscht net gesot. Ass awer bei verschiddenen esou duerchgesickert. Wéi dat genee oflafe soll, ass nach net kloer.  

Ribera - Hearing war dee mat deene meeschten Tensiounen

Mat vill Spannung war den Hearing vum Raffaele Fitto, dem designéierte Kommissär fir d’Kohäsioun, erwaart ginn. Hien ass ëmstridden, well hie Member vun der rietser, postfaschistescher “Fratelli d’Italia” ass an et am Europaparlament eng grouss Oppositioun dogéint gëtt, datt ee Vertrieder vun deem Bord soll de Poste vun engem Vizepresidente kréien.

Hie krut vu grénger, lénker a sozialistescher Sait kritesch Froe gestallt - iwwert de Rechtsstaat, seng Astellung zum Klimaschutz etc - an huet dorop éischter evasiv geäntwert.

D’Vertrieder vun der Europäescher Vollekspartei hate bei him éischter d’Händschen un.

Dat war ganz anescht, wéi d’Spuenerin Teresa Ribeira, gehéiert gouf. D’Sozialistin ass d’Ministerin fir déi ekologesch Transitioun a Spuenien. Si ass net beléift am riets extremen a rietse Camps, ma si gouf och ganz staark vun der Europäescher Vollekspartei an d’Mangel geholl, op eng politesch Aart as Weis an dacks mat Froen, déi net direkt eppes mat hirem Portfolio ze dinn haten 

Onkloer, wéi et viru geet

Um Dënschdeg Owend gouf just gesot, datt d’Evaluatioune verluecht ginn, net awer wéini dat elo geschéie soll. Et gëtt Rumeuren, datt déi Decisioun och kéint eréischt déi nächst Woch falen.

Et schéngt esou ze sinn, datt déi sechs designéiert Vizepresident:innen als Pak verhandelt ginn. Nom Motto: Entweder si kommen all duerch oder keen.

Am leschte Fall wier et kloer, datt d’Parlament net kann, wéi geplangt Enn November iwwert déi ganz EU-Kommissioun ofstëmmen. Ob déi nei Equippe vun der Ursula von der Leyen dann eng Majoritéit kritt, muss een och nach kucken - well et gëtt Europadeputéiert, déi guer net frou sinn iwwert dat, wéi dat elo gelaf ass.

A jidder Fall kann ee soen - datt politesche Chantage an net eng Prüfung op d’Kompetenz vun de Kandidaten deen Exercice bestëmmt huet.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.