Waasserpeegelen

D'Peegele vum Rhäin falen eng éischte Kéier op just nach 8 Zentimeter

Wéinst der Dréchent sinn d‘Peegele vum Rhäin an aner Flëss weider gefall. Zu Kaub, net wäit vu Mainz, ass de Waasserstand vum Rhäin fir déi éischte Kéier an den eestellege Beräich gefall. De Mëtteg gouf e Peegel vun nëmmen nach 8 Zentimeter gemooss.

auto_stories

1 min

© EPA/MATIAS BASUALDO
(Foto: EPA/MATIAS BASUALDO)

Dat ass esou niddreg wéi nach ni. Et kéint sinn, datt zu Kaub geschwë keng Schëffer méi kënnen duerchfueren. Déi niddereg Waasserstänn bréngen de Schëffstransport um Rhäin u seng Limitten.

D‘Schëffer kënnen deels nëmmen nach zu 50 Prozent beluede ginn. Fir de Lëtzebuerger Hafe vu Mäertert géif sech den Impakt dem Ministère no bis elo a Grenzen halen, well Wueren iwwer d‘Stroossen oder Schinne kënnen transportéiert ginn, esou d‘Lëtzebuerger d‘Mobilitéitsministesch Yuriko Backes an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro.