Neit Gebai um Houwald

Ëffentlech Ausschreiwung? Virgoe vun der Croix Rouge ass fir de Minister an der Rei

Datt d‘Croix Rouge fir hiert neit Gebai um Houwald keng ëffentlech Ausschreiwung gemaach huet, ass fir den CSV-Finanzminister Gilles Roth an der Rei. Dat huet hien no der Finanzkommissioun gesot, bei där d’Croix Rouge sech haut dozou erkläert huet. Iwwer d’Virgoe waren et Diskussioune ginn. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Radio 100,7 play_arrow
(Foto: Radio 100,7)

D'Croix Rouge hätt missen eng ëffentlech Ausschreiwung maachen, well e gudden Deel, ronn 38 Milliounen Euro, fir de Blutttransfusiounszenter, vum Staat bezuelt gëtt.  

Reng dem Gesetz no huet d’Croix Rouge dat awer net gemaach. Fir den CSV-Finanzminister Gilles Roth ass et trotzdeem an der Rei, wéi hie seet, well...

"D'Croix Rouge huet et nach eng Kéier ënnerstrach an och dokumentéiert, dass si eng Mise en concurrence gemaach huet, déi, ier se iwwerhaapt dee Promoteur, mat deem se dëse Projet ugaangen ass, erausgewielt huet."

Geet der Oppositioun net eleng ëm d'Croix Rouge

Déi wier och an Zeitungen ausgeschriwwe ginn an domat ëffentlech gewiescht, esou de Gilles Roth. Dat Argument hat d’Croix Rouge och ëmmer nees virgeluecht. Datt et beim Marché-Publics Gesetz net nëmmen 1 a 0 géif ginn – do si sech de Minister an d’Rout Kräiz och eens.

Fir d’Sam Tanson vun déi gréng geet d’Saach iwwert d’Croix Rouge eraus, an dat wier déi a wéi enge Fäll genee ëffentlech Ausschreiwunge misste gemaach ginn. Dat gesäit och de Sven Clement vun de Piraten esou. Et misst een dat Marché-publics-Gesetz onbedéngt nach eng Kéier op de Leescht huelen.

Wéi bedeelegt de Staat sech?

Eng weider Fro déi sech stellt, ass a wéi wäit de Staat sech genee um neie Gebai vun der Croix-Rouge um Houwald bedeelegt. Do wëllt de Gilles Roth an de kommende Wochen och e Gesetzesprojet ausschaffen, deen de Bäitrag vum Staat zum Gesamtprojet dann och dokumentéiert.

Eng Initiativ, déi gréng begréissen, wéi d'Sam Tanson seet.

"Ech denken et ass jo absolutt sënnvoll, dass dee Centre de transfusion nei gemaach gëtt, dass deen och kënnt an dass de Staat och do seng Responsabilitéit mat iwwerhëlt. Dat ass op alle Fall eppes, wat mir positiv gesinn."

Och d’Piraten a Persoun vum Sven Clement gesinn de Besoin fir de Blutttransfusiounszenter absolutt.

Lauschterenplay_arrow