Pensiounen

Pensiounsreform: Vu wéini u kann een an d'Pensioun goen? A wéi vill Sue kritt een?

Nom Akraafttriede vun der Pensiounsreform dëst Joer sichen nach vill Leit no Äntwerten op hir Froen: Wéini kann ech an d'Pensioun goen? Wéi vill Sue kréien ech dann a wat ännert sech fir mech duerch déi nei Pensiounsreform? Mat dëse Froen si vill Leit op de Pensiounsdag zu Diddeleng gaangen.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Wéinst dem groussen Interessi d'lescht Joer huet d'Pensiounskeess CNAP decidéiert, de Pensiounsdag dëst Joer fir déi zweete Kéier ze organiséieren. Um Programm stoungen individuell Berodungsgespréicher, Konferenzen an Informatiounsstänn.

288 Persounen hate sech am Virfeld fir e perséinleche Rendez-vous ugemellt, fir hir eege Situatioun mat engem Expert duerchzegoen.

Virun der Pensioun nach vill Froen op  

Männer wéi och Fraen, virun allem am Alter vu 50 Joer un, waren dohi komm. Vill vun hinne kënnen an den nächste Joren an d'Pensioun goen a wëlle wëssen, wat konkreet op si duerkënnt.

D'Froe vun de Visiteure waren dobäi ganz ënnerschiddlech.

"Duerch déi nei Reform falen ech dran, dass ech muss méi laang goen. Wéi gëtt dat gerechent? An dann och mat de Schoulen. Wéi am Fong geholl déi ganz Rechnung ass lo mat der neier Reform, déi war net esou ganz kloer."

"Wéi laang muss ech weider schaffen? Wéi funktionéiert dat? An och wéi geet dat mat de Babyjoren? Well mir och do verschidde Froen haten." 

"Majo, well ech 2028 kann an d'Pensioun goen an nach relativ vill Froen hat an dat do wierklech eng super Geleeënheet war, fir déi Fro kënnen ze stellen. (...) Et ass een awer méi berouegt, wann een hei rausgeet."

"Mir krute ganz kloer Äntwerten op eis Froen. Mir sinn e bësse méi gescheit ginn."

Fir déi individuell Froe vun de Leit ze beäntwerten, ware méi wéi 50 Mataarbechter:inne vun der CNAP am Kulturzentrum "opderschmelz" zu Diddeleng am Asaz. Si hate sech am Virfeld mat de Pensiounsdossiere vun den ugemellte Persoune beschäftegt.

Perséinlech Berodung vu grousser Wichtegkeet

Fir all Berodungsgespréich ware ronn 15 Minutte virgesinn. Dat wier och wichteg, wéi d'Gesondheets- a Sozialministesch Martine Deprez erkläert. 

"Iergendwann kënnt ee Richtung Pensioun, an da Panik: Wou ginn ech elo gewuer, wéi vill Pensioun datt ech kréien? Mir mierken, datt d'Leit gären de perséinleche Kontakt hunn, gären am Guichet mat engem schwätzen, well dat do esou eng perséinlech Situatioun am Liewen ass, datt een net einfach mat engem Chatbot oder mat enger Broschür wëllt eens ginn." 

Déi nei Pensiounsreform huet d'Theema bei ville Leit nach méi an de Mëttelpunkt geréckelt. Si beschäftege sech méi intensiv mat hirer eegener Pensioun, och well déi verschidde Reegelen net ëmmer einfach ze verstoe sinn. Dat stellt och de President vun der CNAP, den Alain Reuter, fest.

"Ech géif net soe veronséchert, mee effektiv ass et méi prominent an hirem Kapp ginn a si beschäftege sech just méi mam Theema an natierlech ass et am Detail (...) eng Matière, déi komplizéiert scho war a si bleift natierlech och nach ëmmer komplizéiert."

Ënner anerem mussen eenzel Persounen, déi mat 60 Joer an d'Fréipensioun wëlle goen, zënter Juli méi laang cotiséieren. Anerer interesséiere sech fir déi nei progressiv Pensioun, bei där een d'Aarbechtszäit reduzéiere kann a gläichzäiteg schonn en Deel vu senger Pensioun kritt.

Weider Upassunge wuel néideg

D'Gesondheets- a Sozialministesch Martine Deprez gesäit de Pensiounssystem duerch d'Reform zwar fir déi nächst Jore besser ofgeséchert, weider Upassunge kéinten awer néideg ginn. 

"Mir hunn elo Mesurë geholl, déi eis véier Joer Sputt ginn, éier déi aner Echeancen erreecht ginn. An déi véier Joer Sputt muss een eben notzen, fir weiderzedenken. (...) Mir wäerten net derlaanscht kommen, och an den nächste Joren driwwer nozedenken." 

Eng éischt Evaluatioun vun de Reformmesurë soll Enn 2027 gemaach ginn.

Fir Leit, déi an den nächste Joren an d'Pensioun wëlle goen, recommandéiert d'CNAP, sech fréi genuch ze informéieren – am beschten ongeféier annerhalleft Joer virum geplangte Pensiounsantrëtt.

Lauschterenplay_arrow