Sozialdialog

Nora Back: "Et ass méi dra wéi d'Mesuren einfach ze verlängeren"

De Premier Luc Frieden huet no der Tripartite gëschter vu gudde Gespréicher mat de Sozialpartner geschwat. An och d'Nora Back weist sech am 100,7-Interview optimistesch. Wéi eng Mesuren an Zukunft geholl wäerte ginn, dat kann awer nach kee soen. Et wier awer villes méiglech, mengt d'Nora Back.

auto_stories

5 min

headphones

13 min

D'Nora Back | © Radio 100,7 play_arrow
D'Nora Back (Foto: Radio 100,7)

An der éischter Tripartite-Reunioun zënter dem Accord vum Juni hunn d'Regierung an d'Sozialpartner festgestallt, datt déi aktuell Mesurë géint déi héich Energiepräisser zwar gräifen, mee d'Inflatioun a besonnesch d'Energiepräisser wéinst der internationaler Situatioun nach ëmmer ganz héich sinn.

Dofir huet d’CSV-DP-Regierung versprach, datt de Staat och am neie Joer géif "op iergend eng Manéier" déi aktuell Energiemesurë viruféieren, wéi de Premier sech ausgedréckt huet.

Nora Back: "Ech mengen, datt mir eis eens wäerte ginn"

Den 29. Oktober gëtt also viru verhandelt. D’Nora Back schéngt no gëschter mat engem positive Gefill an déi nächst Diskussiounsronn ze goen. D’OGBL-Presidentin ënnersträicht, datt jiddereen um Dësch deem anere seng Positioun verstoe kéint.

En harmoneschen Toun, deen och scho gëschter vum Premier Luc Frieden ugestëmmt gouf.

Tatsächlech weess jiddereen, wat um Spill steet: D’Mesurë lafen aus an all Acteur weess, datt net näischt ka gemaach ginn. D’Inflatioun muss gebremst, an de Leit ënner d’Äerm gegraff ginn.

“Mir mussen also eppes maachen. D’Fro ass: Wat maache mir? Wéi laang maache mir et? Wéi eng Mesurë gi wéi weidergefouert?”

D’Nora Back mengt awer, datt ee sech an deene Froen eens wäert ginn.

Panorama social moolt schwaarzt Bild vun der finanzieller Situatioun vu ville Stéit

De Premier Luc Frieden wollt sech gëschter nach net an d’Kaarte kucke loossen, wéi eng Mesuren eventuell kéinte geholl ginn.

Fir den OGBL ass awer kloer, datt déi schaffend Leit an hir Famille mussen ënnerstëtzt ginn.

An hirem Panorama social hu si festgestallt, datt iwwer 22 Prozent vun de Leit Schwieregkeeten hunn iwwer d’Ronnen ze kommen. Ongeplangten Depensë kënnen dacks net kompenséiert ginn.

“Mir brauche Mesuren, déi d’Kafkraaft vun de Leit stäerken. Fir déi mat klengen a mëttlere Gehälter.”

Subventioun vun der Energie: "Mir maachen net tel quel esou weider"

Aktuell gëtt d’Energie subventionéiert, virun allem awer déi fossil Energien. Dat wier net ideal, gëtt och d’Nora Back zou. Dat wier och deenen aneren Acteure bewosst. De Problem wier awer deen, datt déi aktuell Mesurë Friichten droen.

“D’Leit mussen hir Energie kënne finanzéieren”, betount d’Nora Back. Et wéilt een awer net “tel quel” viru maachen. Jiddereen, dee gëschter mat um Dësch souz, géing hanner de Klimaziler stoen.

“Mir mussen e Kompromëss fannen, dee souwuel de Leit entgéint kënnt, d’Inflatioun ofbremst, wéi och déi ekologesch Situatioun, grad no dësem Summer, eescht hëlt.”

Well et gréisstendeels d’Energieproduite sinn, déi d’Präisdeierecht verursaachen, kéim een net derlaanscht nees an deem Beräich eppes ze maachen, mengt d’OGBL-Presidentin. 

Verschidde Subventioune vu fossillen Energien "ekologesch vertrietbar"

Aktuell ass de Stroum ëm 4 Cent vun August bis Dezember subventionéiert ginn. Dat hätt de meeschten Impakt op d’Inflatioun gehat, erkläert d’Nora Back, war awer net mol déi deierst Mesure.

Och d’Subventioun vum Mazout hätt ville Leit gehollef. Deen huet sech am Präis bal verduebelt. Well vill Leit nach mat Mazout hëtzen, wier och dat eng sënnvoll Mesure gewiescht, seet d’Nora Back.

“Et kann ee soen, et ass nach ekologesch vertrietbar an deem Sënn, datt lo kee sech eng Masuttsheizung wäert leeschten, nëmme well mir e puer Cent do subventionéieren.”

Bensinn an Diesel ze subventionéiere verursaacht am meeschte Bauchwéi. Mee och hei wier et eng Mesure, déi jiddereen direkt am Portmonni spiert, betount d’Nora Back.

“Ech kann net soen et wier ondenkbar, datt se weidergefouert gëtt. Et ass méi dra wéi einfach ze verlängeren.”

OGBL-Presidentin mengt, datt finanziell genuch Sputt do ass

Iwwer 6 Méint gekuckt kaschten déi Mesuren alleguer ëm déi 82 Milliounen Euro. Wéi vill fir déi nei Mesurë virgesi sinn, dat konnt d’Nora Back net soen. Si ass sech just sécher, datt et eppes kaschte wäert. “Do komme mir net dolaanscht!”

Si mierkt och un, datt wann et no de Gewerkschafte géing goen, méi finanzielle Spillraum zur Verfügung stoe géing. Dat, well een net mat allem averstanen ass, wat d’Regierung ëmsetzt.

Ee Beispill ass d’Steierpolitik, ënner anerem de Volet vun de Betribssteieren.

“Wann een eis géing gewäerde loossen, da wier nach vill méi Sputt do fir eppes ze maachen.”

Nei Mesurë kéinte manner laang undaueren

Dem OGBL schwiewen och alternativ Mesurë vir, wuel wëssend, datt déi bei den anere Partner um Dësch wuel manner gutt wäerten ukommen: Eng Adaptatioun bei de Seuilen a Saache Mindestloun zum Beispill oder Steierkreditter, déi un d'Inflatioun ugepasst ginn.

Am Virfeld vu gëschter huet d’Gewerkschaft och op méi cibléiert Mesurë gepocht.

“Mir brauche Mesuren, wou net mat der Géisskan u jidderee ginn, well mir souwisou finanztechnesch mussen oppassen, wat mir maachen. Mee et ass nach Sputt do, fir Saachen ze maachen. Et muss een e gudde Mëttelwee fannen.”

Ënner dem Stréch mengt d’OGBL-Presidentin, datt déi nei Mesurë manner laang gülteg wäerte sinn. Dat ass awer dem Fait geschold, datt si dovun ausgeet, datt d’Sozialpartner an d’Regierung sech méi reegelméisseg a méi dacks wäerte gesinn.

Dat, well d’Situatioun esou volatil an onsécher ass.

Lauschterenplay_arrow