Wie weess, wéi déi eege Rent berechent gëtt? Wie weess, datt dat net einfach 5/6 vum leschte Gehalt sinn? Wat ass mat deenen dräi Piliere vun eisem Rentesystem gemengt? Wéi eng Konsequenzen huet et, wann deen drëtte Pilier an Zukunft soll gestäerkt ginn? Firwat soen déi Eng, spéitstens 2028 géife mir an d’Rentemauer rennen, an déi Aner, d’Reserve géifen duergoe bis 2047?
Wéi grouss ass da wierklech d’Gefor, datt d’Beiträg, déi vun allen aktive Schafferten abezuelt ginn, net méi duer gi fir d’Rente vun de Pensionéierten ze bezuelen?
Firwat keen eenheetleche Pensiounsregime?
Deene Froe geet d’Zäitschrëft forum an hirem neitsten Heft no. Hiren Dossier informéiert, wéi de Pensiounssystem zu Lëtzebuerg fonctionéiert, fir datt mir och wierklech all un där gesellschaftlecher Debatt kënnen deelhuelen, déi de Premier sech wënscht. Well et wier net gutt, wann d’Regierung just géif mat de Gewerkschaften an dem Patronat iwwert déi Froen diskutéieren.
Der forum-Redaktioun sinn awer och Saachen opgefall, déi manner bekannt sinn. Sou sinn zum Beispill am Pensiounssystem vum Privatsecteur d’Pensiounen op véiermol de Mindestloun begrenzt, aktuell ongeféier 10.300 Euro. Ënner anerem fir Staatsbeamte gëllt deen Deckel awer net. Dofir kréie bal 34 Prozent vun de pensionéierte Staatsbeamten eng Rent vun iwwer 8.000 Euro de Mount, awer praktesch keen Employé aus dem Privatsecteur kritt eng Pensioun vu méi wéi 8.000 Euro.
Wann de Rentesystem op der Solidaritéit vun den Aktive mat de Pensionéierte berout, firwat gëtt et dann nach ëmmer keen eenheetleche Regime fir d’Fonction publique an de Privatsecteur?
Och Zënsen a Loyeren consideréieren?
D’forum-Redaktioun stellt och fest, datt privat Altersassurancen, déi d’Regierung nach méi steierlech begënschtege wëllt, keng Léisung si fir de Pensiounssystem, well dat féiert just zur Verméigensbildung bei deenen, déi sech esou eng Assurance kënne leeschten. D’Assurancegesellschafte selwer soen, datt aktuell praktesch kee sech seng privat Altersversécherung als Pensioun ausbezuele léist, mee se als Kapital benotzt.
Alternativ ass driwwer ze diskutéieren, ob net och op anere Forme vun Akommes wéi dem Aarbechtsloun, nämlech op Zënse vum Kapital an op Loyeren, sollte Beiträg an d’Pensiounskeess bezuelt ginn, oder och op dem Asaz vu Roboteren a Kënschtlecher Intelligenz, déi jo an Zukunft eng Rei Aarbechtsplaze wäerten ersetzen.
Wien deen Dossier liest, kënnt net laanscht d’Conclusioun, datt déi zukünfteg Rentereform net just kann dodra bestoen, e puer mathematesch Upassungen ze maachen, fir datt d’Beiträg an déi ausbezuelte Pensiounen nees an e Gläichgewiicht kommen, mee datt mir mussen iwwer eng gesamtgesellschaftlech Solidaritéit nodenken, bei där d’Arbeitnehmer, d’Patronen an de Staat een Deel vun der Laascht droen, an zwar net nëmme fir d'Pensionnairë vun haut, mee och fir déi vu muer.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.