Radioen

On air

Notturno  |  Heinrich Baermann - Quintett a Mi bémol Majeur, Op. 23 - Rita Karin Meier (Klarinett), Belenus Quartett

play_arrow Live
opus

/ Escher Lycéeën hunn haut scho vun 12 Auer u fräi

Wéinst dem Tour de Luxembourg

Escher Lycéeën hunn haut scho vun 12 Auer u fräi

Wéinst dem Passage vum Tour de Luxembourg wäerten d‘Schüler vu 6 Escher Lycéeën haut scho vun 12 Auer u fräi hunn. Dat fir gréisser Perturbatiounen am Schoultransport ze verhënneren.

auto_stories

1 min

Foto: Tour de Luxembourg

Betraff sinn de Lycée technique Lalleng, de Lycée Guillaume Kroll, de Lycée Hubert Clement, den Escher Jongelycée, de Lycée Belval an de Lycée privé Marie-Consolatrice.

D’Schüler am Fondamental an der Gemeng Buerschent hunn eng Véierelstonn éischter fräi.

Déi zweet Etapp geet haut iwwer 155 Kilometer vu Jonglënster op Schëffleng. D‘Arrivée ass tëschent 16:30 a 17:00 Auer geplangt.