Radioen

On air

Notturno  |  Felix Mendelssohn Bartholdy - Concerto fir Gei, Op. 64, II. Andante - Sebastian Bohren (Gei), Royal Liverpool Philharmonic Orchestra, Andrew Litton (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Statec: De Lëtzebuerger Wirtschaftswuesstum erhëllt sech net sou séier wéi erwaart

Ekonomie

Statec: De Lëtzebuerger Wirtschaftswuesstum erhëllt sech net sou séier wéi erwaart

Lëtzebuerg ass am gaangen aus der Rezessioun vun 2023 erauszekommen, mee de Wirtschaftswuesstum an den Aarbechtsmaart erhuele sech net sou séier, wéi de Statec nach a senge viregte Previsioune festgehalen hat.

auto_stories

1 min

Suen | © picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer
Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer

Dat geet aus den neie Projektiounen ervir, déi de Statec elo un de Finanzministère geschéckt huet, en vue vum Staatsbudget, deen de Finanzminister Gilles Roth Ufanks Oktober soll deposéieren.

De PIB géif dëst Joer ëm 1,5 Prozent klammen an och d‘nächst Joer soll d‘Ekonomie weider wuessen. De Chômage par conter soll rëm klammen, 2026 soll en erëm iwwer 6 Prozent leien. Den Emploi soll net méi wéi 2 Prozent an d‘Luucht goen.

De Finanzsecteur bleift de Motor vun der Lëtzebuerger Ekonomie, an deen huet seng Resultater och am éischte Semester dëst Joer rëm verbessert. Am Bausecteur awer ass d‘Aktivitéit nach ëmmer réckleefeg.