Radioen

On air

Notturno  |  Heinrich Baermann - Quintett a Mi bémol Majeur, Op. 23 - Rita Karin Meier (Klarinett), Belenus Quartett

play_arrow Live
opus

/ Schäfferot a Proprietär si sech beim Kafpräis eens ginn

Maison relais zu Dikrech

Schäfferot a Proprietär si sech beim Kafpräis eens ginn

Am Dossier vun der Dikrecher Maison relais "Pensionat" gëtt et elo en Duerchbroch. Wéi den Dikrecher Buergermeeschter Charel Weiler haut op Facebook schreift, wier sech de Schäfferot no laangen an zéie Verhandlunge mam Proprietär iwwert de Kafpräis eens ginn.

auto_stories

1 min

D‘Transaktioun tëscht de Parteie konnt mat de Stëmme vun der Oppositioun bei enger Abstentioun ugeholl ginn. An der Maison relais sinn eng 350 Kanner ënnerbruecht.

D‘Gemeng hat laut Tageblatt bis elo e Loyer an Héicht vun 190.000 Euro de Mount bezuelt. Déi aktuell Majoritéit zu Dikrech hat dësen Dossier nach vum vireschte Gemengerot geierft.