Nei am Kader ass déi 17 Joer jonk Mëttelfeldspillerin Amélie Feil, déi zu Saarbrécken ënner Kontrakt steet.
De Co-Nationaltrainer Daniel Zirbes erwaart sech an den zwou Partie géint Malta a Montenegro zwou physesch staark Ekippen. Och d'Rout Léiwinnen hätte sech awer weiderentwéckelt esou hiren Trainer.
Rout Léiwinne wëlle méi Ballbesëtz
Zil a béide Matcher wier et fir defensiv kompakt ze stoen.
“In erster Linie geht es mir darum, gegen zwei Konkurrenten, die potenziell auch in der nächsten Nations League-Kampagne zu Gegnern in der C-Liga werden können, Spielzeiten zu sammeln.
Déi zwou lescht Kéiere wou d'Nationalekipp sech gesinn hätt, hätt een och vill iwwert den Ënnerscheed vun der Liga B an der Liga C an der Nations League vun de Frae geschwat. D'Rout Léiwinne waren am Juni aus der Liga B vun der Nations League ofgestigen a spillen déi nächst Campagne an der Liga C.
"Sodass wir damit rechnen, auf jeden Fall auch mehr Ballbesitzphasen zu haben und da auch dann in dem Kontext arbeiten wollen.”
Lëtzebuerg ass aktuell d’Nummer 114 vun der FIFA-Weltranglëscht bei den Dammen: Malta läit 22 a Montenegro souguer 28 Plaze virdrun. D’Nationaltraineren erwaarde sech dann och zwou physesch staark a gestanen Ekippen, géint déi een defensiv kompakt stoe wéilt.