Kënschtlech Intelligenz

Firma Anthropic krut verhënnert, datt hir KI fir béisaarteg Zwecker benotzt gëtt

Déi US-amerikanesch Kënschtlech Intelligenz Firma Anthropic huet e puer Versich identifizéiert a verhënnert, fir hir KI fir béisaarteg Zwecker ze notzen. Ënner anerem wier probéiert ginn, de KI Modell Claude vun Anthropic ze benotze fir biologesch Waffen hierzestellen, esou e Rapport vun der Firma.

auto_stories

1 min

© picture alliance / CFoto | GDX
(Foto: picture alliance / CFoto | GDX)

Weider wier am Jeme probéiert ginn, mam KI Modell Claude ferngesteiert Waffen ze produzéieren. All déi Versich wiere blockéiert ginn, esou Anthropic.

Des Tëschefäll kommen zur Zäit wou verschidde renomméiert KI-Experten an Insidere virun de potentielle Risike vun der Kënschtlecher Intelligenz fir Mënschheet gewarnt hunn.

Den US-amerikanesche Senateur Bernie Sanders huet eng Paus an der Entwécklung vu KI gefuerdert, an ee Verbuet vun der sougenannter artifizieller Superintelligenz. Den US-President Donald Trump huet dat bis elo ofgeleent. Hie sot, wann d‘USA d‘Kompetitioun bei der KI net gewannen, wier se an enger ganz schlechter Positioun.