Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  David Ianni - Piano Songs, Op. 112, III. Gentle - David Ianni (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Nei dezentral Drogenhëllefstruktur fir suchtkrank Fraen an der Stad

Abrigado

Nei dezentral Drogenhëllefstruktur fir suchtkrank Fraen an der Stad

Am Stater Quartier Neiduerf gëtt eng nei dezentral Drogenhëllefsstruktur opgemaach, exklusiv fir suchtkrank Fraen. Déi nei Struktur kënnt an en Haus, dat der Stad Lëtzebuerg gehéiert a soll uganks vum Summer opgoen. Eng 15 bis 20 Frae kënnen do empfaange ginn.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Archiv

Ënnert de suchtkranke Mënsche wieren d‘Frae besonnesch vulnerabel, betount de Raoul Schaaf, Direkter vum „Comité national de défense sociale CNDS.

"Well et ganz oft net nëmmen eng Ofhängegkeet vun enger net legaler Substanz ass, mee ganz oft och aner Ofhängegkeeten, déi nach derbäi kommen, zum Beispill, de Mann dee se begleet, deen awer och den ass, dee se zur Prostitutioun zwéngt."

Fir betraffe Fraen aus dëser toxescher Bezéiung erauszekréien, wier eng dezentral Struktur wichteg. An der Abrigado Drogen-Hëllefsstruktur op der Diddenuewener Strooss hannert der Gare si ronn 20 % vun der Clientèle Fraen.

Dezentral Lag hëlleft d'Fraen aus der Zeen eraus ze kommen

Déi méi dezentral Lag am Neiduerf, wou d‘Haus fir déi nei Frae-Struktur am gaangen ass renovéiert ze ginn, hätt de Virdeel, datt déi Betraffen aus der Zeen eraus kommen, an och net méi direkt konfrontéiert si mat de Männer, déi si zur Prostitutioun zwéngen, wat den Ament dacks de Fall ass.

15 bis 20 Frae kéinten an där neier Struktur am Neiduerf empfaange ginn. Offréiert ginn do änlech Servicer, wéi am Abrigado:

"Medezinesch Prise en Charge, eng sozial-pedagogesch Prise en Charge, eben och d‘Méiglechkeet vun der Substitutioun, sou wéi mer se elo och am Abrigado hunn. Also, de Remplacement vun enger Drog duerch e Medikament, oder eben och, an der Surveillance vun engem Infirmier oder engem Dokter, kënnen ze consomméieren, och déi net legal Drog."

Eemoleg Struktur

Et wier fir elo awer net virgesinn, datt Fraen an där neie Struktur Neiduerf kënnen iwwernuechten.

"Well awer eng Partie vun de Frae mat deene mer an deem dote Beräich schaffen, déi schaffen Nuets."

Am Dag, wou déi nei Struktur op ass, kéinten si da raschten. 

Keen Impakt op de Wunnquartier

D‘Haus, wou déi nei Drogenhëllefsstruktur kënnt, ass an engem Wunnquartier am Neiduerf. Si wäert awer kee groussen Impakt op de Quartier hunn, ënnersträicht de Raoul Schaaf.

"Well mer hei eben net vun 100 oder 120 Leit schwätzen, mee hei wäerten an der Moyenne herno 12 bis 15 Fra daagsiwwer do sinn."

Déi nei Drogenhëllefsstruktur fir Frae wier zimmlech eemoleg, seet nach de Raoul Schaf.

Et géif an Europa praktesch näischt Vergläichbares ginn. E Numm fir déi nei Struktur géif et nach net ginn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit