Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Carl Philipp Emanuel Bach - Sinfonie a Mi bémol Majeur, Wq/H deest, III. Allegro assai - Berliner Barock Solisten, Reinhard Goebel (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Georges Engel huet Versteesdemech fir d'Gewerkschaften

Chamber-Aarbechtskommissioun

Georges Engel huet Versteesdemech fir d'Gewerkschaften

An der Chamber-Aarbechtskommissioun huet de Minister Georges Mischo um Mëttwochmëtteg mat den Deputéierten iwwert de Sujet Kollektivverträg diskutéiert an iwwert d’Grënn, firwat d’Gewerkschaften d’Sitzung vum Comité permanent pour le travail et l’emploi déi leschte Kéier verlooss hunn.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

play_arrow

D’Gewerkschaften haten an där Sitzung gefrot, ob de Minister géif garantéieren, datt d’Gewerkschaften an Zukunft och weider un de Verhandlunge vu Kollektivverträg bedeelegt bleiwen. Am CPTE wier awer keng Äntwert vum Minister komm, notéiert den LSAP-Deputéierte Georges Engel, dee Versteesdemech fir d’Gewerkschaften huet.

"De Minister huet e Plan d'action presentéiert, wou hie wëll d'Pisten opmaachen an do hunn d'Gewerkschafte gefrot: 'Ginn d'Kollektivvertrag-Diskussioune weider mat de Gewerkschaften, kënnen déi weider mat Gewerkschafte gefouert ginn? Oder gëtt do eng Dier opgemaach, dass do anerer Independante kënnen déi Kollektivvertrag-Diskussioune féieren? An de Minister huet dorobber keng Äntwert ginn."

Elo géif de Georges Mischo soen, hien hätt de Gewerkschaften näischt ewechgeholl, esou de Georges Engel. Mee:

"Wann hien de Gewerkschaften näischt hätt wëllen ewechhuelen, dann hätt ee kéinte ganz kloer soen: 'Fir mech ass et kloer, Kollektivvertrag, déi gi mat de Gewerkschaften diskutéiert a mat kengem aneren.' Dat huet hien net gemaach."

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
National
Politik