Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Alexander Borodin - Sträichquartett Nr.2 a Ré Majeur, II. Scherzo. Allegro - Mandelring Quartett

play_arrow Live
opus

/ Gréng Parteispëtzt erneiert sech

Parteikongress

Gréng Parteispëtzt erneiert sech

Stéphanie Empain a François Benoy heeschen déi nei Parteipresidente vun déi gréng: Si goufen um Samschdegmoien um Kongress zu Leideleng mat 96,5, respektiv 98,3 Prozent vun de Stëmmen zu den Nofollger vun der Djuna Bernard a vum Meris Sehovic gewielt.

auto_stories

1 min

Foto: Eric Ewald

Deenen hir Rieden an déi vun der Sam Tanson hate virun den eenzelne Votten de Kongress dominéiert. Déi 3 Deputéiert hunn dobäi d’Regierung an hir Politik kritiséiert.

Djuna Bernard an de Meris Sehovic haten an hirer Äddisrieden um Ufank vum Kongress betount, datt déi gréng den Daum an d’Wonne leeë géifen, do wou d’Regierung hir Aarbecht net maache géif. Genannt goufen do virop d’Ëmweltpolitik, awer och d’Caritas-Affär. Eng intern Analys vun der Walnéierlag vun zejoert huet iwwerdeems gewisen, datt sech déi gréng an Zukunft, nieft hire Kärtheemen, méi wéi bis elo an der Lutte géint Aarmut afir sozial Gerechtegkeet asetze wëllen.

Fir d’Djuna Bernard géif Schwaarz-Blo eng Politik maachen, déi net am Intressi vun all de Leit wier. D’Sam Tanson huet iwwerdeems gemengt, et géif nach just eng Regierungspartei ginn, "d’CSVDP", woubäi déi awer weder dem C, dem S, dem V, nach dem D entsprieche géif: “Wéi wier et einfach mat Partei?”, huet d’Presidentin vum Chambergrupp gefrot.

De grénge Parteikongress. | © Eric Ewald
De grénge Parteikongress. (Foto: Eric Ewald)