An engem Greenpeace-Communiqué de Moien heescht et: D‘Detektioun vun net-autoriséierten Drone géife Froen iwwer d‘Sécherheet an de Schutz vu kriteschen Infrastrukturen opwerfen - dorënner och d‘Atomzentral zu Cattenom.
Greenpeace-Fuerderungen un d'CSV-DP-Regierung
Déi Lëtzebuerger Regierung misst vun de franséischen Autoritéiten Informatiounen iwwer d‘Risike vun Dronenugrëff op Atomzentrale fuerderen, esou Greenpeace.
D‘Organisatioun huet selwer eng Etüd iwwer d‘Gefore vun Drone fir franséisch Atomzentrale maache gelooss. Dora gëtt ënner anerem behaapt: Eng Dronenattack op d‘Lagergebaier vun ofgebrannte Brennelementer kéint zu engem Verloscht vu Killmëttel féieren an e schwéiert nukleaart Accident ausléisen.
Déi Lëtzebuerger Regierung misst d‘Erkenntnisser aus där Etüd och benotze, fir sech weider géint eng Kontraktverlängerung vu Cattenom anzesetzen, esou Greenpeace Lëtzebuerg.