Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Claude Debussy (arr. Sullivan/Rensink/DeJonge) - Cakewalk Suite, III. Golliwog's Cakewalk - Mary Elizabeth Bowden (Trompett)

play_arrow Live
opus

/ Grouss Komponisten - nach méi grouss Selbstzweifel

Concert - De Ris a säin Nofollger

Grouss Komponisten - nach méi grouss Selbstzweifel

Ënnert dem Titel “Der Riese und sein Nachfolger” presentéiert de Stater Conservatoire Pianostrioe vum Beethoven a vum Brahms - zwee Komponisten déi sech zwar ni begéint sinn, an awer dacks matenee verglach ginn.

auto_stories

2 min

headphones

124 min

play_arrow
(v.l.n.r) Vania Lecuit a Béatrice Rauchs

Et gi Leit, déi gär ënner Drock schaffen an esou richteg opbléien. An da gëtt et där, déi domat manner gutt eens ginn an ufänken ze prokrastinéieren.

De Brahms a Beethoven sinn zwee Komponisten, déi dëse Géigesaz gutt verkierperen- an trotzdeem dacks an engem Otemzuch genannt ginn.

"Sou ee flotten Trio hutt dir vu mir nach net kritt" huet de Brahms sengem Verlag geschriwwen, wéi en säi Pianotrio Op.87 finaliséiert hat. Esou zefridde war de Komponist mat senger Stécker seelen!

De Brahms war vum Beethoven esou ageschüchtert, datt hie vill vu senge Kompositiounen net verëffentlecht oder souguer verworf huet. Haut zielt de Brahm zu de gréisste Komponiste vu senger Zäit, dee senge Virgänger a kengster Weis ënnerleeë war.

Dat gëtt och bei dësem Concert däitlech, wou mir de Pianotrio vum Ludwig van Beethoven aus dem Joer 1808 a vum Johannes Brahms aus dem Joer 1882 héieren. 

Dir kënnt dëse Concert mam Commentaire vum Tanja Duprez nach bis den 08. Abrëll an eiser Mediathéik nolauschteren.

Lauschterenplay_arrow

Programm:

Ludwig van Beethoven (1770-1827)

  • Pianotrio Op.70 Nr.2
    • Poco sostenuto-allegro ma non troppo
    • Allegretto
    • Allegretto ma non troppo
    • Finale Allegro

Johannes Brahms (1833-1897)

  • Piantrio Op.87
    • Allegro
    • Andante con moto
    • Scherzo
    • Presto

Interpreten:

  • Vania Lecuit, Gei
  • Catherine Lebrun, Cello
  • Béatrice Rauchs, Piano