Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Johannes Brahms - Sonat Nr.1 fir Cello a Piano a Mi Mineur, Op. 38, II. Allegretto quasi Menuetto - Dimitri Maslennikov (Cello), Sabine Weyer (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Mitsuko Uchida trëfft op Beethoven a Schönberg

Musikalesche Mix

Mitsuko Uchida trëfft op Beethoven a Schönberg

Déi japanesch-englesch Starpianistin spillt dem Beethoven säin drëtte Pianosconcerto, a proposéiert e Bis, passend zum Rescht vum Concert mam Rundfunk-Sinfonieorchester Berlin an dem Arnold Schönberg sengem Theema a Variatiounen, Op. 43b.

auto_stories

1 min

headphones

127 min

Mitsuko Uchida | © Richard Avedon play_arrow
Mitsuko Uchida © Richard Avedon

Dem Ludwig van Beethoven seng Pianoconcertoe gehéieren zum meescht gespillte Repertoire ënnert de grousse Pianistinnen a Pianisten. Eng dovun ass déi japanesch-englesch Pianistin Mitsuko Uchida, déi bei dësem Concert dem Beethoven säin drëtte Pianosconcerto interpretéiert. Do dernieft interpretéiert de Rundfunk-Sinfonieorchester Berlin dem Romantiker Johannes Brahms seng éischt Serenade a Ré Majeur an dem Arnold Schönberg säin Theema a Variatiounen.


Lauschtere kënnt dir dëse Concert nach bis den 18. Mäerz 2025 an der Mediathéik vum opus 100,7. 

Programm: 
- Arnold Schönberg (1874-1951): Thema a Variatiounen, Op. 43b 
- Ludwig van Beethoven (1770-1827): Piano Concerto No. 3 an Do mineur, Op. 37 
- Johannes Brahms (1833-1897): Serenade No. 1 a Ré Majeur, Op. 11 

Interpreten: 
- Mitsuko Uchida, Piano 
- Rundfunk-Sinfonieorchester Berlin 
- Vladimir Jurowski, Direktioun

Lauschterenplay_arrow