Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Gustav Holst - D'Planéiten, Op. 32, IV. Jupiter - The Bringer of Jollity - Royal Scottish National Orchestra, David Lloyd-Jones (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Multitalent trëfft op Wonnerkand

Simona Strungaru

Multitalent trëfft op Wonnerkand

Mozart an Abel stinn um Concertsprogramm vum Kammerorchester vum rumänesche Radio zesumme mat der Pianistin an Dirigentin Simona Strungaru.

auto_stories

1 min

headphones

125 min

Simona Strungaru | © Simona Strungaru play_arrow

Déi villsäiteg rumänesch Musekerin Simona Strungaru huet hir Fans scho mat Jazz, Film, Theater a Rocknummeren erreecht. Bei dësem Concert aus Bukarest léiere mir si kenne mat Klassik par Excellence. Um Programm steet nieft Wierker vum Mozart och d’Sinfonie a Mi bémol Majeur KV18. Dat Wierk gouf ursprünglech dem Mozart zougeschriwwen, a Realitéit war awer de Carl Friedrich Abel, dem Mozart säi Virbild, de Komponist.

Programm:

Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791) / Carl Friedrich Abel (1723-1787): Sinfonie a Mi bémol Majeur, KV18
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Concerto fir Piano a La Majeur KV 488
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Adagio, aus 'Sonat a Ré Majeur KV 576'
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Sinfonie an Do Majeur KV 425, "Linzer"

Interpreten:

Kammerorchester vum rumänesche Radio
Simona Strungaru, Direktioun/Piano

Lauschterenplay_arrow