Et gi Leit, déi gär ënner Drock schaffen an esou richteg opbléien. An da gëtt et där, déi domat manner gutt eens ginn an ufänken ze prokrastinéieren.
De Brahms a Beethoven sinn zwee Komponisten, déi dëse Géigesaz gutt verkierperen - an trotzdeem dacks an engem Otemzuch genannt ginn.
"Sou ee flotten Trio hutt dir vu mir nach net kritt" huet de Brahms sengem Verlag geschriwwen, wéi en säi Pianotrio Op.87 finaliséiert hat. Esou zefridde war de Komponist mat senge Stécker seelen!
De Brahms war vum Beethoven esou ageschüchtert, datt hie vill vu senge Kompositiounen net verëffentlecht oder souguer verworf huet. Haut zielt de Brahms zu de gréisste Komponiste vu senger Zäit, dee senge Virgänger a kéngster Weis ënnerleeë war.
Dat gëtt och bei dësem Concert däitlech, wou mir de Pianotrio vum Ludwig van Beethoven aus dem Joer 1808 a vum Johannes Brahms aus dem Joer 1882 héieren.
Dir kënnt dëse Concert mam Commentaire vum Tanja Duprez nach bis den 8. Abrëll an eiser Mediathéik nolauschteren.
Programm:
Ludwig van Beethoven (1770-1827)
- Pianotrio Op.70 Nr.2
- Poco sostenuto-allegro ma non troppo
- Allegretto
- Allegretto ma non troppo
- Finale Allegro
Johannes Brahms (1833-1897)
- Piantrio Op.87
- Allegro
- Andante con moto
- Scherzo
- Presto
Interpreten:
- Vania Lecuit, Gei
- Catherine Lebrun, Cello
- Béatrice Rauchs, Piano