Schlussendlech hunn d'Sanéierungsaarbechte vun der Oper an dem Schauspielhaus awer 14 Joer gedauert. Och de Käschtepunkt war vill méi héich wéi uganks geduecht. De Käschtepunkt beleeft sech op 800 Milliounen Euro.
Technik ass virun zéng Joer installéiert ginn
Et weise sech elo awer scho Problemer mat der Technik an der Software. Dës goufen nämlech scho virun zéng Joer agebaut, mellt de WDR. D‘Inzenéierung vun der Oper "Der Rosenkavalier“, déi bei der Ouverture den Owend um 19:00 Auer soll opgefouert ginn, misst awer ouni technesch Problemer iwwer d'Bün goen.