Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
opus

/ Haut fänken d'Botz- a Maintenanceaarbechten an den Tunnelle vun den Autobunnen un

Maintenance

Haut fänken d'Botz- a Maintenanceaarbechten an den Tunnelle vun den Autobunnen un

Fir den Trafic esou mann wéi méiglech ze stéieren, gëtt e Groussdeel vun den Aarbechten an der Nuecht duerchgeféiert. Trotzdeem wier plazeweis mat Stau ze rechnen, heescht et vu Ponts et Chaussées.

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance/dpa | Jan Woitas

Zweemol am Joer féiere Ponts et Chaussées Botz- a Maintenanceaarbechten an den Autobunnstunnellen duerch. Änlech wéi e Gebai mussen Equipementer wéi zum Beispill d'Ventilatioun, oder d'Feieralarme kontrolléiert oder remplacéiert ginn. D'wäiss Mauere vum Tunnel gi gebotzt fir d'Hellegkeet bäizebehalen - an dat matzen am Trafic. Fir e sécheren Oflaf vun den Aarbechten ze garantéieren, bauen eng Dosen Aarbechter:inne vu Ponts et Chaussées an all Tunnel Deviatiounen op a spären déi betraffen Zon, erkläert de Paul Mangen, Directeur adjoint vu Ponts et Chaussées. Hie fuerdert d'Leit déi mam Auto ënnerwee sinn och op, déi Aarbechten ze respektéieren.

"Ech mengen d’Autoe fuere mat enger gewësser Vitess laanscht. Dat ass schonn eng éischt Geforesituatioun. Eis Leit si gutt geschoult, déi maachen dat reegelméisseg, mee natierlech ass et net déi selwecht Situatioun, wéi wann der normal duerch den Tunnel fuert, Dir musst d’Vitess reduzéieren, Dir musst d’Spuer wiesselen (…)."

Risike sollen duerch eng gutt Organisatioun miniméiert ginn

No der Ofspärung kënnen d'Botz- a Maintenanceaarbechten ufänken. An de groussen Tunnelle si 40-50 Aarbechter vu spezialiséierten Entreprisë sur place, fir zesummen um Tunnel ze schaffen. Et géif och eng ganz Coordinatioun Sécurité et Santé, déi garantéiere soll, datt d'Risikoen am Betrib "op null" gesat ginn.

Wärend den Aarbechte gëtt ëmmer probéiert, den Trafic esou mann wéi méiglech ze stéieren. Déi ganz Maintenanceaarbechte ginn ausserhalb de Spëtzestonnen an der Nuecht gemaach a wiere spéitstens um hallwer 6 fir de Beruffstrafic fäerdeg. Den eenzegen Tunnel, wou Dag an Nuecht misst geschafft ginn, ass Ponts et Chaussées no de Markusbierg.

Detailer zu den Interventioune sinn um cita.lu ënner der Rubrik "chantier" ze fannen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Mobilitéit