Radioen

On air

Notturno  |  Arash Safaian - Concerto fir P., Vibraph. a Synth. Nr.1 "Infinite Games", V. In Midair - Sebastian Knauer (Piano), Pascal Schumacher (Vibr.), Zürcher Kammerorchester

play_arrow Live
opus

/ Paräisser Buergermeeschter wëll Vitess um Périphérique op 50 km/h reduzéieren

Paräis

Paräisser Buergermeeschter wëll Vitess um Périphérique op 50 km/h reduzéieren

Um Paräisser Périphérique soll d‘Vitess vum 1. Oktober un op 50 Kilometer an der Stonn limitéiert ginn. D‘Buergermeeschtesch Anne Hidalgo sot de Moien op RTL, si géif un där Mesure festhalen. Zejoert hat den deemolegen Transportminister Clément Beaune gesot, de Stat géif dat net validéieren.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / NurPhoto | Adnan Farzat

De Pérpihérique ronderëm déi franséisch Haaptstad ass 35 Kilometer laang. D‘Buergermeeschtesch argumentéiert, d‘Vitesse Reduktioun op 50 Kilometer an der Stonn géif d‘CO2 Emissioun reduzéieren a wier am Interêt vun der Paräisser Populatioun.