Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Johann Sebastian Bach - Concerto fir zwou Geien a Ré Mineur, BWV 1043, I. Vivace - Isabelle Faust (Gei), Christoph Poppen (Gei), Bach-Collegium Stuttgart, Helmuth Rilling (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Haut fänkt den Tour de Luxembourg un

Vëlo

Haut fänkt den Tour de Luxembourg un

Déi éischt Etapp vun der gréisster Lëtzebuerger Vëloscourse geet iwwer 158 Kilometer vum Knuedler duerch d’Éislek zeréck an d’Stad, wou d’Arrivée um Fëschmaart ass.

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance / Eibner-Pressefoto | Eibner-Pressefoto

Mat der éischter Etapp iwwer 158 Kilometer vum Knuedler duerch d'Éislek op de Fëschmaart fänkt haut déi 84. Editioun vum Tour de Luxembourg am Cyclissem un. Nieft dem Titelverdeedeger Marc Hirschi aus der Schwäiz ass virun allem den hollännesche Weltmeeschter Mathieu van der Poel mat um Depart. Aus Lëtzebuerger Siicht stiechen de Bob Jungels, de Kevin Geniets an den Alex Kirsch ervir, woubäi am Ganzen 9 Coureuren aus dem Grand-Duché dobäi sinn. Wat erwaart sech den Andy Schleck, President vum Organisatiounscomité, vun de Lëtzebuerger?

"Meng Erwaardung ass, datt si déi 9 d’Plaze vun 1 bis 9 besetzen. Da wier ech zefridden. Nee, Spaass bei Säit: Ech mengen, et ass eng reell Chance, eng reell Opportunitéit. Mir hunn e ganz gutt Beispill: D’lescht Joer huet de Mats Wenzel sech hei en évidence gesat, en huet de Biergtrikot gewonnen. Voilà, dat huet him et méi einfach gemaach, fir e Kontrakt ze kréien. Ech wier frou a stolz, wa mer herno een um Podium final hätten, an ech wier natierlech nach méi frou a stolz, wa mer een hätten, deen eng Etapp kéint gewannen."

Lauschterenplay_arrow