Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  John Williams - When You're Alone, aus 'Hook' (Film) - The City of Prague Philharmonic, Nic Raine (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Jérôme Ewen: Véierten um Extreem Triathlon zu Livigno

Sport an Trailrun

Jérôme Ewen: Véierten um Extreem Triathlon zu Livigno

De Jérôme Ewen ass ufanks des Mounts 4. ginn am Extreem Triathlon zu Livigno an Italien. Iwwer insgesamt 200 Kilometer geet dee Parcours. D‘Konditiounen änelen deene vun engem Iron Man.

auto_stories

2 min

headphones

11 min

Den Extremsportler Jérôme Ewen | © Maurice Molitor play_arrow
Foto: Maurice Molitor

Schwammen, Vëlo, Lafen: Een typeschen Triathlon, deen et awer och a sech huet. Geschwomme gëtt an engem Alpeséi, deen eng 13,5 Grad huet. Den Extremsportler Jérôme Ewen, erkläert, datt de Neopren hëlleft, d‘Temperatur ze reguléieren, sou datt et just den éischte Moment kal ass, wann een an d‘Waasser klëmmt. Hien hätt awer ënnerschat, datt een um Bierg manner Sauerstoff huet. 

Déi nächst Etapp ass dann de Vëlosparcours gewiescht. Déi Stréck um Stelvio kann ee mat enger Biergetapp bei enger Vëloscourse vergläichen. De Stelvio ass och den zweethéchsten Alpepass a ganz Europa. Iwwerdeems ass d‘Streck wärend der Course net fir den Trafic gespaart, betount de Jérôme Ewen.

Begleedung, déi och mat duerch d'Zil muss kommen

Zum Schluss leeft een dann de Marathon. Klassesch 42 Kilometer. Déi lescht 10 Kilometer ginn deelweis steil biergop.

Besonnesch um XXL-Triathlon ass, datt een ëmmer eng Begleedung muss bei sech hunn, erkläert de Jérôme Ewen. Bei der Vëloscourse ass déi mam Auto mat ënnerwee. Beim Marathon leeft d‘Begleedung mat a muss och mat duerch d‘Zil goen, fir datt ee gewäert gëtt.

De ganzen Interview mam Jérôme Ewenplay_arrow

Aktualitéit
Interview
Sport