D'Propose vun de Parteie leie wäit auserneen. Beispillsweis hunn déi dräi Oppositiounsparteien déi Lénk, déi gréng an d'LSAP d'Theema vun de véier Walbezierker opbruecht. Si denken an d'Richtung vun engem eenzege Walbezierk. De Laurent Zeimet erkläert awer, datt d'Regierung guer net wëlles hätt, un déi Sujeten erunzegoen.
Walbezierker an der Verfassung festgehalen
D'Walbezierker wieren an der Verfassung festgehalen, a fir déi ze ännere bréicht et nämlech eng zwee Drëttel Majoritéit, esou den CSV-Deputéierten.
"Lo ass natierlech d'Fro, Verfassung änneren ass dat eent, mee ass et sënnvoll ee Walbezierk ze maachen? Och do ginn d'Meenunge wäit auserneen, wéi dat praktesch soll ëmgesat ginn, fir datt awer jiddereen am Land nach iergendwéi an der Chamber representéiert ass."
Iwwerparteilechen Konsens zu digtalem Vott
Eenzege Punkt iwwert deen et schéngt e Konsens ze ginn, ass dee vun der Aféierung vum digitale Vote. Dat heescht, datt de Walziedel duerch e Bildschierm géif ersat ginn. Wéi schwiereg wier d'Ëmsetzung dovun?
De Laurent Zeimet mengt, wier et technesch a sécherheetstechnesch guer net esou evident den digitale Vott anzeféieren.
"De Regierungsaccord gesäit jo vir, datt op d'mannst eng digital Ofstëmmung an de Walkabinne soll elo mol lancéiert ginn. Ech verstoppen awer net, datt et och d'Iddi gëtt: ass dat elo wierklech an där Zäit, wou mer liewen an déi séier virugeet, dat lescht Wuert? Oder solle mer net awer schonn e bësse méi wäit denken, well dat ass jo och e groussen Invest, wann een dat wëll maachen."
Digital a vun doheem aus?
Beispillsweis géifen et och Länner ginn, an deenen een iwwert den Handy ka wielen, esou de Laurent Zeimet. Dat wier eng Pist, der ee kéint nogoen mat enger Identifikatioun iwwer LuxTrust oder MyGuichet.lu, proposéiert den CSV-Deputéierten. Da kéint een digital vun doheem aus säi Kräizche maachen.
D’Bréifwal beispillsweis géif en enormen administrativen Opwand bedeiten, deen duerch d’Aféierung vun enger Online-Ofstëmmung däitlech kéint reduzéiert ginn, sou nach de President vun der Chamber-Institutiounekommissioun, Laurent Zeimet. Als bis ewell eenzegt Land an Europa huet Estland iwwregens schonn 2005 den E-Voting ageféiert.
Auslännerwalrecht scho virun 10 Joer decidéiert
Weider wieren a sengen Aen och déi aner grouss Froen, wéi beispillsweis d'Auslännerwalrecht, scho virun 10 Joer decidéiert ginn, esou nach de Laurent Zeimet. Deemno géif d'CSV momentan net de Besoin gesinn, fir dat Theema nees opzemaachen.
Et hätt een iwwerdeems och mat de Presidenten a Presidentinne vun de Walbüroe geschwat an hir Propose fir eng méiglech Reform gesammelt. Och deenen hir Propose misst een sech elo mol ukucken.