Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ ING a BGL BNP gi sech eens iwwer Clientstransfert

Banken

ING a BGL BNP gi sech eens iwwer Clientstransfert

D'ING an BGL BNP Paribas sinn sech per Accord iwwer en Transfert vu Clienten eens ginn. D‘ING wëllt sech jo aus dem Geschäft mat klenge Privatclienten zeréckzéien. 

auto_stories

1 min

ING | © picture alliance / PRO SHOTS | Mischa Keemink

D‘ING wëllt sech lo op de sougenannte Wholesale Banking konzentréieren. Dofir kréien elo an den nächste Wochen a Méint eng 18.000 Clienten eng exklusiv Offer fir bei d‘BGL BNP Paribas ze wiesselen. D‘ING versprécht dobäi eng onkomplizéiert Prozedur fir en neie Compte bei der BGL opzemaachen.