Fir datt et net esou wäit kënnt, datt déi Schrauf ofbrécht, muss se ersat ginn, deelt déi zoustänneg Administratioun mat.
Betraff si d'VW-Modeller Tiguan, Touran, Golf Variant, Caddy a Golf, déi tëschent dem 24. Septemer 2013 an dem 1. Juli 2024 produzéiert goufen. Weltwäit sinn domat ronn 2,16 Milliounen Autoe betraff.
Och déi Audi Q3-Modeller, déi tëschent dem 31. Oktober 2017 an dem 23. Mee 2024 produzéiert goufen, hunn dee selwechte Problem. Betraff sinn eng 700.000 Autoe weltwäit.