Aner Clienten hu Problemer sech mat hirem Eboo-Kont ze verbannen. Dëst hätt awer en anere Grond, nämlech datt d’Clientsdossieren aktualiséiert ginn. Dës Problemer wäerte soulaang bleiwen, bis déi jeeweileg Dossiere regulariséiert sinn.
Keng Suen a keng Donnéeë wiere verluer gaangen
Ëm d’Suen a Konte missten sech d’Clientë keng Suerge maachen, seet de Gabriel de la Bourdonnaye.
"À aucun moment la sécurité de nos systèmes n'a été compromise et aucune donnée, strictement aucune donnée des clients, n'a été perdue. Tout ça c'est fait en conformité avec nos exigences en matière de sécurité et de protection des données des clients, mais également des fonds des clients."
Keng Donnée wier verluer gaangen, huet den Direkter vu Post Finance nach eng Kéier betount.
"On est compréhensifs à la garde de la gêne que les clients ont pu subir en raison des virements instantanés sortant qui n'ont pas été disponibles ces derniers jours. Mais encore une fois, la fonctionnalité sera réactivée lundi."
Entschiedegung kann ugefrot ginn
Just ee klengen Deel vun de Clientë wiere betraff, esou nach de Gabriel de la Bourdonnaye.
Eng Rei Clientë vun der Post hate sech an de leschten Deeg ëffentlech iwwer Problemer mat hire Konte beschwéiert. D'Tageblatt hat als éischt doriwwer geschriwwen.
Clienten, déi duerch d'Ausfale vun dëse Systemer beschiedegt goufen, kënnen eng Demande fir eng Entschiedegung bei der Post erareechen. Déi Dossiere wäerten dann eenzel behandelt ginn. Ee generelle System fir Entschiedegunge gëtt et net, esou nach d'Post.