De gemittleche Moien | Ludwig van Beethoven - Sinfonie Nr.3 a Mi bémol Majeur, Op. 55 "Eroica", III. Scherzo: Allegro vivace - Solistes Européens, Luxembourg, Christoph König (Dir.)
/ Kamala Harris: Zäit fir mam "Drama a Konflikt" opzehalen
Walen an den USA
Kamala Harris: Zäit fir mam "Drama a Konflikt" opzehalen
Sechs Deeg virun der Presidentewal an den USA sot d'Demokratin Kamala Harris an enger Ried zu Washington, et wier Zäit mam "Drama a Konflikt" opzehalen an en neit Kapitel opzeschloen. Hir Ried war op der Plaz, wou den Donald Trump 2021 viru senge Supportere geschwat hat, éier si d'Kapitol gestiermt haten.
Mat wéi engen Argumenter probéiert d'Kamala Harris ze iwwerzeegen? Aschätzunge vun eisem Korrespondent Philipp Crowther.
Lauschterenplay_arrow
Iwwerdeems suergt eng Ausso vum President Joe Biden fir Kritik bei de Republikaner. An engem Video soll de President d'Supportere vum Donald Trump als "Knascht" bezeechent hunn. Dat Wäisst Haus beméit sech elo fir kloerzestellen: Den Joe Biden hätt d'Wuert "Knascht" net op all d'Trump Supporter bezunn, mee op de Komiker, dee rassistesch Aussoen iwwer Puerto Rico gemaach hat beim Trump sengem rezenten Optrëtt zu New York.