Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Maurice Ravel - Gaspard de la nuit, M. 55, I. Ondine - Michel Dalberto (Piano)

play_arrow Live
opus

/ US-Wale ginn an déi final Phas

Trump vs. Harris

US-Wale ginn an déi final Phas

Den Donald Trump hat laang dovu gedreemt, de Madison Square Garden voll mat de roude Kape vu senger "Make America Great Again"-Beweegung ze kréien. Matten a Manhattan gesäit een där net vill. E riskante Choix awer vum Trump sech zu New York feieren ze loossen. Eise Korrespondent Philip Crowther war zu New York dobäi.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© picture alliance / NurPhoto | Bryan Dozier play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Bryan Dozier

An den USA sinn et elo just nach 8 Deeg bis zum Waldag de 5. November 2024. Trotz de Sondagen, déi eng immens knapps Course fir d'Wäisst Haus annoncéieren, huet de republikanesche Kandidat an Ex-President Donald Trump fir een Dag déi sougenannt Swing States verlooss. Dat sinn déi 7 Staaten, wou dëst Joer entscheet gëtt, wien d'Presidence gewënnt: Den Donald Trump oder d'Vize-Presidentin Kamala Harris. 

Trump: "Kamala, du bass entlooss"

Den Donald Trump huet a senger Heemechtsstad New York de berüümte Madison Square Garden mat sengen Supporter gefëllt.

D'Leit si vun no a vu wäit an dës Stad gereest, wou de republikanesche Kandidat onbeléift ass. Mee e ganzen Dag Walkampf gouf sacrifiéiert. D'Kamala Harris war zu Philadelphia, wou ëm all Vott gekämpft gëtt. D'Vize-Presidentin war an enger afroamerikanescher Kierch, an engem puerto-ricanesche Restaurant, an enger Schoul mat jonke Wieler:innen. Esou gewënnt een am kritesche Staat Pennsylvania.

Den Ex-President huet zu New York nees Massen-Deportatioune vun illegalen Immigranten, en Enn vun der Inflatioun, an eng besser a méi sécher Zukunft versprach.

“Nächsten Dënschdeg musst dir iech weisen an der Kamala Harris soen, datt si eng schrecklech Aarbecht gemaach huet, an datt de korrupten Joe Biden och eng schrecklech Aarbecht geleescht huet. Dir hutt eist Land zerstéiert, a mir akzeptéieren dat net mei. Kamala, du bass entlooss. Raus, raus.”

Op 7 Staate kënnt et un

Den Trump huet drop spekuléiert, datt säi Walmeeting zu New York genuch Medieninteressi a Contenu an de soziale Medie geschaaft huet fir seng Absence aus de Swing States ze kompenséieren.

Well déi nächst aacht Deeg ziele just nach am Norden d'Staate Wisconsin, Michigan, a Pennsylvania. Am Süden Nevada, Arizona, Georgia, an North Carolina.

An alle siwe Staate weisen d'Sondagen, datt et net méi knapp kéint sinn tëschent Trump an Harris.

D'Demokraten hunn de Verglach gemaach tëschent dem Trump sengem Walmeeting am Madison Square Garden an engem aneren Evenement, e Rallye vun amerikaneschen Nazien 1939, och am Madison Square Garden. E Verglach, deen d'Republikaner net akzeptéieren.

Lauschterenplay_arrow