Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Pjotr Iljitsch Tschaikowski - Sinfonie Nr.6 a Si Mineur, Op. 74 "Pathétique", II. Allegro con grazia - Radio-Sinfonieorchester Stuttgart des SWR, Roger Norrington (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ No Aussoe vu Komiker: Trump seng Ekipp muss weider Schuedensbegrenzung maachen

Am Madison Square Garden

No Aussoe vu Komiker: Trump seng Ekipp muss weider Schuedensbegrenzung maachen

Eng Woch virun der Presidentschaftwal an den USA probéiert dem Donald Trump seng Ekipp weider de Schued a Grenzen ze halen. Dat no de rassisteschen Aussoen de Méindeg vun engem Komiker virum Donald Trump sengem Optrëtt am Madison Square Garden zu New York.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / NurPhoto | Thomas Hengge

De Komiker hat Puerto Rico als "Drécksinsel" bezeechent. 

D'Campagne vum Donald Trump huet sech distanzéiert a sot, déi Ausso géif net d'Meenung vum fréiere President erëmspigelen. Den Donald Trump huet sech awer nach net ëffentlech entschëllegt. Den Äerzbëschof vu Puerto Rico huet den Trump opgeruff, sech perséinlech ze entschëllegen.