Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  Luigi Boccherini - Concerto fir Cello Nr.3 a Sol Majeur, KV 480, I. Allegro - Françoise Groben (Cello), Solistes Européens, Luxembourg, Jack Martin Händler (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Karlspreis geet un d'Ursula von der Leyen

Präis fir d'Europäesch Eenegung

Karlspreis geet un d'Ursula von der Leyen

De Karlspräis geet dëst Joer un d‘EU-Kommisiounspresidentin Ursula von der Leyen. Si géif Europa a schwieregsten Zäiten zesummen halen, esou d‘Begrënnung vum Gremium zu Oochen.

auto_stories

1 min

Ursula von der Leyen | © picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth
Foto: picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth

Als besonnesch Leeschtunge goufen d‘Ausbremse vun der Corona Pandemie, den Optrëtt vis à vis vu Russland an d‘Impulser am Kader vum sougenannte „Green Deal“ opgezielt, mat deem d‘EU bis 20250 klimaneutral soll ginn.

Den internationale Karlspräis zu Oochen gëllt als déi wichtegst Auszeechnung fir Verdéngschter fir d‘europäesch Eenegung. Och der Ursula von der Leyen hire Virgänger, de Jean-Claude Juncker, krut de Präis. Allerdéngs nach als Lëtzebuerger Premier 2006.