Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
opus

/ D'EU iwwerweist der Ukrain 3 Milliarden Euro

Ofkommes vun de G7-Staaten

D'EU iwwerweist der Ukrain 3 Milliarden Euro

D’Europäesch Unioun huet 3 Milliarden Euro un d’Ukrain iwwerwise. Et ass déi éischt Tranche vun engem Prêt am Wäert vu 50 Milliarden Dollar. Finanzéiert gëtt dëst duerch d’Zënsen aus agefruerenem russesche Verméigen.

auto_stories

1 min

Ukrain EU Fändel | © European Parliament
Foto: European Parliament

D’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet betount, datt dës finanziell Ënnerstëtzung der Ukrain "d’Kraaft gëtt, weider fir hir Fräiheet ze kämpfen, a fir ze gewannen.“

De Prêt baséiert op engem Ofkommes vun de G7-Staaten, fir d’Zënsenerträg vu russesche Verméigen der Ukrain zouzeschreiwen. Den Undeel vun der EU läit bei iwwer 18 Milliarden Euro, wärend d’USA 19,5 Milliarde verspriechen hunn.

Groussbritannien, Kanada a Japan droen och dozou bäi.