Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Giuseppe Tartini - Sonat fir Gei a Cello a La Majeur, B.G A 4, I. Allegro - Duo Tartini

play_arrow Live
opus

/ Kritik vun déi Lénk un der geplangter Reform vun de Stroumtariffer

Politik an Energie

Kritik vun déi Lénk un der geplangter Reform vun de Stroumtariffer

Déi Lénk kritiséieren déi geplangte Reform vun de Stroumtariffer. Dës Mesure wier net transparent an och kontraproduktiv, well de staatleche Präisdeckel ausleeft an d‘Stroumpräisser ëm 30 Prozent klamme wäerten, sou déi Lénk an engem Communiqué.

auto_stories

1 min

© Adobe Stock
Foto: Adobe Stock

Vum 1. Januar u sollen d‘Tariffer zu Héchstzäiten an d‘Luucht goen. Dat mam Zil, de Stroumverbrauch zu Spëtzenzäiten ze reduzéieren, an eng Iwwerlaaschtung vum Reseau ze evitéieren.

Déi Lénk fannen dat problematesch, well op déi Manéier Stéit bestrooft ginn, déi viru kuerzem op Elektromobilitéit oder op Wärmepompelen ëmgeklomme sinn. Si fuerdere gestaffelt Präisser um Waasser an op der Energie.