Radioen

On air

De barocke Moien  |  Louise Farrenc - Sinfonie Nr.1 an Do Mineur, Op. 32, III. Menuetto: Moderato - Solistes Européens, Luxembourg, Christoph König (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Nei Stroumnetzkäschten wäerten e limitéierten Impakt op d'Präisser hunn

Ministeren Delles a Margue

Nei Stroumnetzkäschten wäerten e limitéierten Impakt op d'Präisser hunn

Der Regierung no wäert déi nei Tarifstruktur bei de Stroumnetzkäschten e limitéierten Impakt op d'Präisser hunn. Eng Majoritéit vun de Konsumente géif souguer manner bezuelen, äntweren d'Ministere Lex Delles an Elisabeth Margue op eng parlamentaresch Fro vun déi gréng.

auto_stories

1 min

Déi nei Tarifstruktur kéint dozou bäidroen, datt d'Netz méi effizient genotzt gëtt, an dat géif laangfristeg zu manner Netzkäschte féieren.

D'Regierung géif an Zukunft bereet stoe fir d'Clienten ze guidéiere fir hir Stroumrechnung ze optimiséieren. Och géif d'Regierung iwwer zousätzlech Mesuren nodenken, déi de Leit hëllefe géifen, wéi d'Promotioun vu Stroumbatterien an intelligente Stroum-Management-Systemer.