Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Johann Sebastian Bach - Concerto fir zwou Geien a Ré Mineur, BWV 1043, I. Vivace - Isabelle Faust (Gei), Christoph Poppen (Gei), Bach-Collegium Stuttgart, Helmuth Rilling (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Gilles Roth zouversichtlech: Ganz Gelder vum Resilienzfong wäerte bis 2026 ugefrot ginn

EU-Resilienzfong

Gilles Roth zouversichtlech: Ganz Gelder vum Resilienzfong wäerte bis 2026 ugefrot ginn

Lëtzebuerg huet bis elo nëmmen e klengen Deel vu senge Gelder aus de europäesche Resilienzfong ugefrot. Alles an allem sinn et bis elo 82 vun am Ganzen 242 Milliounen Euro. Den europäesche Rechnungshaff hat an engem Rapport kritiséiert, datt d'EU-Staaten hei Retard hunn.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Et wiere komplex administrativ Prozedure bei deenen d'Ministèren sech missten aschaffen, erkläert de Finanzminister Gilles Roth. Hie weist sech awer optimistesch, datt déi integral Gelder bis Enn 2026 waerten ugefrot ginn.

"Jo, dat ass Neiland wat Lëtzebuerg 2021, wou déi Projeten ugaange sinn an der Pandemie beschratt huet, et huet och en Ëmdenke bewierkt um Niveau vun den eenzelne ministeriellen Departementer. Ech verheemlechen och net datt do e Regierungswiessel komm ass, mee mir sinn an der Regierung, um Niveau vun de Ministere beflass fir dass déi Suen effizient agesat ginn." 

De Gilles Roth war gëschter zwou grouss Photovoltaikanlagen zu Elleng besichen, d'Privatentreprisen déi des installéiert hu konnten dobäi vu Gelder aus dem Covid-Resilienzfong profitéieren. 

Aussoe vum Gilles Rothplay_arrow