Radioen

On air

De barocke Moien  |  Gaetano Donizetti - Concertino fir Klarinett a Si bémol Majeur, II. Allegretto - Eduard Brunner (Klarinett), Münchener Kammerorchester, Hans Stadlmair (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Bundeswehr-Schëff interceptéiert Dron virun der libaneesescher Küst

Noen Osten

Bundeswehr-Schëff interceptéiert Dron virun der libaneesescher Küst

D‘Kämpf tëscht Israel an der Hisbollah am Libanon si rëm ganz no bei d‘UNO-Friddenstrupp UNIFIL erukomm. Een däitscht Krichsschëff huet virun der Côte vum Libanon eng Kampfdron interceptéiert, déi op et duergefuer koum. Deeler vun der Dron wieren och op d‘Schëff gefall, et wier awer kee blesséiert ginn.

auto_stories

1 min

D'Korvette "Ludwigshafen am Rhein" vun der däitscher Bundeswehr. (Foto: Wikimedia Commons)

Et ass fir d‘éischt, datt et sou en Tëschefall am Mëttelmier gouf. An der lescht waren awer schonn e puer Mol Blohelmer vun der UNO u Land beschoss ginn.

D‘UNO-Truppen am Libanon hunn als Missioun ze iwwerwaachen, datt d‘Wafferou nom Libanon-Krich vun 2006 agehale gëtt.