Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Joseph Haydn - Sinfonie Nr.11 a Mi bémol Majeur, Hob. I:11, III. Menuet - Heidelberger Sinfoniker, Johannes Klumpp (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Wiessel vu Piraten bei d'LSAP: Piratepartei verléiert weidert Mandat

Déifferdenger Gemengerot

Wiessel vu Piraten bei d'LSAP: Piratepartei verléiert weidert Mandat

D‘Morgan Engel wiesselt bei d‘LSAP, mellt d‘Tageblatt. Si souz zënter de leschte Gemengewale fir d‘Piraten am Déifferdenger Gemengerot. D‘LSAP, déi zu Déifferdeng eng Koalitioun mat der CSV huet, huet dann domat elo 7, an net méi just 6 Sëtz am Déifferdenger Gemengerot.

auto_stories

1 min

D‘Piratepartei awer verléiert e weidert Mandat. Nom parteiinterne Kaméidi hunn an de leschte Woche schonn dräi Gemengeconseilleren an een Deputéierten d‘Partei verlooss. D‘Morgan Engel war bei de Chamberwalen am Oktober d‘lescht Joer och Co-Spëtzekandidatin op der Südlëscht vun de Piraten, nieft dem aktuellen Deputéierte Marc Goergen. Si hat sech bei de Walen als Zweet op där Lescht placéiert.