Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Benjamin Godard - Suite de Trois Morceaux, Op. 116, III. Valse - Nathanael Carré (Flütt), Ensemble Nuanz

play_arrow Live
opus

/ Luc Frieden: De Staat wëll datt d’Aktivitéite vun der Caritas viru gefouert ginn

Annonce no Reunioun mam OGBL

Luc Frieden: De Staat wëll datt d’Aktivitéite vun der Caritas viru gefouert ginn

De Staat well, datt déi national Aktivitéite vun der Caritas viru gefouert ginn. Dat garantéiert de Premier Luc Frieden de Moien no enger Reunioun mat der Gewerkschaft OGBL. Bis September soll mat allen zoustännege Ministèren eng Iwwergangsléisung op d’Bee gestallt ginn, fir datt d’Mataarbechter:innen weider hirer Aarbecht kënnen nogoen.

auto_stories

3 min

© Michelle Barthel
Foto: Michelle Barthel

De Staat wäert awer bis op Weideres d’Finanzéierung vun der Organisatioun net weiderféieren, dat huet de Premier um Freidegmoie kloer gemaach. Dat obwuel de Verwaltungsrot vun der Caritas rezent e Krisecomité agesat huet, deen d’Vertrauen tëscht den Donateuren an der Caritas soll retabléieren.

Trotz Krisecomité bis op Weideres keng Finanzéierung méi

Dës Mesure géif de Luc Frieden zwar begréissen, et wier awer „net d’Aufgab vum Lëtzebuerger Land fir d’Fraudë vun der Caritas ze couvréieren“. De Luc Frieden hätt iwwerdeems schonn eng Entrevue mam Christian Billon gehat, den de Krisecomité presidéiert.

U senger Positioun huet dat awer näischt geännert, hei géif et drëm goen d’Sue vum Stad ze schützen, sou de Luc Frieden.

Wat nach net kloer ass, dat ass wann de Staat géif Suen iwwerweisen, ob déi op déi richteg Plaz géife kommen. Spréch: an dësem Fall un d’Mataarbechter:innen vun der Caritas an un d’Fournisseuren, déi zum Beispill déi Flüchtlingsheemer beliwweren.”

Léisunge mussen elo och ëmgesat ginn“

Den OGBL weist sech no der Entrevue mam Premier zefridden. Et wier verständlech, datt haut nach keng konkret Propose kéint op den Dësch geluecht ginn, sot d’Presidentin vum OGBL, d’Nora Back. Dat wichtegst wier, d‘Ausso vum Premier, datt d‘Servicer solle weidergefouert ginn.

Vun wiem? Dat muss da gekuckt ginn. Natierlech ass d’Caritas eng ganz wichteg Institutioun a mir wiere frou wann d’Caritas kéint bestoe bleiwen.”

D’Gewerkschaft misst elo just kucken, datt d’Léisungen am September och géifen ëmgesat ginn, sou nach d’Nora Back.

Fir déi international Aktivitéite wier de Kooperatiounsministère zoustänneg, huet de Luc Frieden betount. Well dat awer méi divers Aktivitéite wieren, misst all Projet, dee bis elo cofinanzéiert gouf, eenzel gekuckt ginn. D’Wochenzeitung Lëtzebuerger Land hat dës Woch ugedeit, datt déi 11 lafend international Projete vun der Caritas Schwäiz kéinten iwwerholl ginn.

Virun zwou Woche gouf bekannt, datt bei der Caritas 61 Milliounen Euro verontreit goufen. Et leeft eng Enqête vun der Justiz. D'Finanzdirektesch vun der Caritas ass inculpéiert ginn. Gëscht hate mir reveléiert, datt d'Finanzdirektesch an hire Service eng aktiv Roll beim Verontreie vun de Sue gespillt hunn. 

De Premier Luc Frieden hat d'lescht Woch gesot, d'Verontreie vun den 61 wier der Caritas hire Problem. D'ONG kréich bis op Weideres keen Euro méi vum Staat well et kee Vertraue méi an de Management vun der Caritas géif ginn, hat de Staatsminister gesot. 

Aktualitéit
Caritas
National