Tripartite

Luc Frieden iwwer d'Finanzéierung vum Pak vu 450 Milliounen: "Mir hunn dee Sputt"

Am 100,7-Interview weist de Premier Luc Frieden sech erliichtert, datt ee gëschter an der Dräierronn een Accord konnt ënnerschreiwen. D'Regierung hätt et hikritt Brécken ze bauen - mee d'Sozialpartner wieren iwwer d'Bréck gaangen, esou de Premier.

auto_stories

2 min

© SIP / Julien Warnand
(Foto: SIP / Julien Warnand)

Et hätt misse séier goen, well d'Kafkraaft vun de Leit ënner dem Krich am Noen Osten an der Blockad vun der Strooss vun Hormus leide géif. Et wier awer och séier gaangen, well de Staat d'Rechnung bezilt, gëtt de Premier zou. 

"Mee de Staat, dat si mir alleguerten. Wa mir an enger Kris zesumme wëlle stoen, da spillt d'Solidaritéit." 

Am Numm vun der Regierung hätt hie gëschter Kompromësser op den Dësch geluecht, déi d'Sozialpartner hätte kënnen unhuelen, esou de Premier. Gëschter Moien, virun de Verhandlungen an der Tripartite, war déi ganz Regierung zesummekomm fir d'Finanzéierung ze beschwätzen. 

"De Geescht vun der Tripartite"

Fir zesummenzehalen, misst een net op all de Punkten eens sinn, esou de Premier. 

"Och gëschter ware mir jo net op allem eens, mee mir hu Kompromësser gesicht. An dat ass de Geescht vun enger Tripartite." 

De Premier hofft, datt déi konstruktiv Stëmmung aus der Tripartite och an den nächste Wochen hält. Dem UEL-President Michel Reckinger am 100,7-Interview no bleiwen d'Gespréicher awer weiderhi schwiereg, well d'Positiounen tëschent Patronat a Gewerkschafte wäit ausernee géife leien. 

Eng Steiererhéijung fir de Pak vu 450 Milliounen Euro ze droen, huet de Premier op en Neits ausgeschloss. D'Regierung wier ugetruede mam Verspriechen, datt d'Leit méi Netto vum Brutto sollen hunn, an dat géif nach ëmmer gëllen. 

De Sputt ass do

Och wann d'Lëtzebuerger Staatsfinanzen eng Rei Problemer hätten, wiere se ëmmer nach besser wéi d'Staatsfinanzen am Ausland. 

"Dofir hu mir gesot, mir packen dat heiten. Och wann den Defizit doduerch liicht méi eropgeet, mee eis Situatioun ass besser wéi déi an anere Länner an Europa. A fir elo Moossnamen ze maachen, déi d'Steiere gehéicht hätten, wier kontraproduktiv gewiescht." 

Et wéilt een och weiderhin den Triple A behalen, esou de Premier, an do wier hie ganz zouversiichtlech. 

"Mir hunn dee Sputt, deen een dofir brauch." 

Lauschtert hei dee ganzen Interview mam Premier