No ville Streidereien hätt een et fäerdegbruecht fir iwwer d'Offiedere vun der Kris ze schwätzen.
"Engersäits déi aggressiv Haltung, déi awer ëmmer erëm vun de Gewerkschaften an de leschten 18 Méint op d'Tapéit koum, déi war net do."
Et wier manéierlech matenee geschwat ginn, esou de Michel Reckinger.
"Dat anert ass, et war eng gutt preparéiert Tripartite vun der Regierung. Och déi Sujete vun de Gewerkschafte ware preparéiert an da kënnt een natierlech méi séier weider, wann een an enger gutt preparéierter Reunioun sëtzt."
Clause de Rendez-vous am Fall vun héijer Inflatioun
Hiert Uleies, nämlech datt eng eventuell nächst Indextranche no hanne verréckelt gëtt, gouf awer net garantéiert. Dofir wollt een net ze vill feieren, esou de Michel Reckinger.
"Mir musse vigilent bleiwen. Mir hunn och eng Clause de Rendez-vous geschriwwen, datt wann elo eppes géif geschéien, datt d'Inflatioun eis awer duerch de Plaffong geet, datt mir eis da missten erëmgesi fir ze kucken, wat maache mir mat der Indexéierung."
D'Gewerkschaftsunioun huet gëschter och ugekënnegt, nees an de Comité permanent du travail et de l'emploi ze kommen. Do bleiwen d'Gespréicher dem Michel Reckinger no awer weiderhi schwiereg.
"Do si verschidden Theemen, wou d'Meenungen tëschent Patronat a Gewerkschaften zimmlech wäit auserneeginn. (...) Wichteg ass emol erëm mateneen ze schwätzen."
Lauschtert hei dee ganzen Interview mam UEL-President